Belagerung vun der Festung Lëtzebuerg (1794-1795)


D'Belagerung vun der Festung Lëtzebuerg war eng Belagerung wärend dem Éischte Koalitiounskrich duerch d'Arméi vun der Éischter franséischer Republik vun der Festung Lëtzebuerg, déi zu den habsburgeschen Éisträicheschen Nidderlande gehéiert huet. Se huet vum 22. November 1794 bis de 7. Juni 1795 gedauert. Och wann d'Fransousen d'Festungsmaueren net duerchbrieche konnten, sou hunn d'Éisträicher no iwwer siwe Méint Belagerung dach um Enn kapituléiere missen.[1]

Belagerung vun der Festung Lëtzebuerg
Siège de Luxembourg 1794-1795
vum Charles-Caïus Renoux
Datum 22. November 1794 - 7. Juni 1795
Plaz Festung Lëtzebuerg
Resultat Kapitulatioun vun den Éisträicher
Konflikt
Koalitiounskricher

Dës laang Defense huet et mat sech bruecht, datt de Lazare Carnot d'Festung Lëtzebuerg "déi bescht Festung op der Welt, no Gibraltar" genannt huet,[1] wat der Stad de Spëtznumm Gibraltar vum Norden abruecht huet.

D'Resultat vun der Eruewerung vun der Festung war d'Annexioun vun de Südlechen Nidderlanden duerch Frankräich den 1. Oktober 1795.[1] De gréissten Deel vum Herzogtum Lëtzebuerg gouf en Deel vum Departement Forêts, dat de 24. Oktober 1795 geschaf gouf.[2]

Hannergrond

änneren

Nodeems d'Fransousen d'Schlass Rheinfels eruewert haten, ware si Meeschter iwwer sou gutt wéi de ganze Streech lénks vum Rhäin. Déi eenzeg Ausname waren d'Festunge Mainz a Lëtzebuerg. De Comité de salut public huet dofir den Uerder ginn, déi zwou z'erueweren.

Déi Franséisch Rhäinarméi ënner dem Kommando vum Generol Claude Ignace François Michaud huet Mainz attackéiert, iwwerdeems d'Muselarméi ënner dem Jean René Moreaux Lëtzebuerg ugegraff huet. D'Fransouse ware besonnesch schaarf op d'Stad, well se sech erhofft hunn, do grouss Quantitéite Provisiounen a Krichsmaterial ze fannen, déi hinne gefeelt hunn.

De Feldmarschall Fräihär Blasius Columban von Bender war Gouverneur vu Lëtzebuerg, an de Johann Wilhelm von Schroder war Stadkommandant. 15.000 Zaldote waren an der Festung kasernéiert, a 500 Geschëtzer (Kanounen, Mortieren an Haubitzen) stounge fir d'Verdeedegung bereet.

Virspill

änneren

Den 19. November 1794 hunn zwou Kompanië vum 5. Dragounerregiment, eng Avant-garde vum Generol Jean-Baptiste Debrun senger Divisioun, zu Léck en éisträichesche Kontingent vun enger 1.500 Infanteristen a 400 Kavallerien, trotz hirer numeerescher Ënnerleeënheet, geschloen.

Den 21. November ass dem Debrun seng Divisioun um Bord vum Gréngewald un en éisträicheschen Bausseposte vu 400 Infanteristen, 300 Husaren a 6 Geschëtzer geroden. Dem Generol Guillaume Péduchelle seng Brigad huet d'Éisträicher bis an d'Reechwäit vun de Kanoune vun der Festung verfollegt. D'Ausernanersetzung goung vun 11h30 bis zum Abroch vun der Nuecht a goung mat enger franséischer Victoire op en Enn, woubäi de Fransouse 4 Kanounen an hir Munitiounskaren an d'Gräpp gefall sinn.

Belagerung

änneren

Den ieweschte Kommandant, den Divisiounsgenerol Jean René Moreaux, ass den 22. November agetraff an huet seng 3 Divisioune ronderëm d'Stad opgestallt: dem Alexandre Camille Taponier seng Divisioun huet d'Tréierer Strooss besat, dem Debrun seng d'Areler Strooss an déi drëtt déi op Diddenuewen. D'Reserv war zu Fréiseng stationéiert.

D'Festungsartillerie huet ugefaangen alles, wat s'erreeche konnt, ze beschéissen. D'Zaldote vun der Muselarméi hunn ënner de Wanterkonditiounen an dem Manktem u Ravitaillement gelidden. Dacks ware bis zu der Hallschecht vun de Männer net op hirem Posten, mä domat beschäftegt, d'Nopeschdierfer op der Sich no Iessen auszeraiberen. De Generol Moreaux huet Enn Januar 1795 de Bender opgefuerdert, éierenhaft ze kapituléieren, mä dee wollt näischt dovu wëssen.

 
D'Stad a an d'Festung Lëtzebuerg 1794.

D'Offizéier, déi, anescht wéi hir Zaldoten, net doruechter raibere goe konnten, hunn Honger gelidden. De Moreaux gouf krank an huet missen op Diddenuewen evakuéiert ginn, wou en an der Nuecht op den 10. Februar gestuerwen ass. Dunn huet den Divisiounsgenerol Jean-Jacques Ambert de Kommando iwwerholl, mä de Comité de salut public huet decidéiert, déi dräi Divisioune vun der Muselarméi an en neie Kommandant op Mainz ze schécken, fir do d'Rhäinarméi z'ersetzen an d'Belagerung do op en Enn ze bréngen. De Generol Hatry gouf neie Kommandant vun der Belagerungsarméi virun der Stad Lëtzebuerg.

D'Éisträicher an der Festung hu gemengt, d'Fransouse géifen d'Belagerung ophiewen, an hunn e puer kleng Attacke gemaach, déi séier zeréckgeworf goufen.

Enn Abrëll huet de Generol Hatry nach eng Kéier eng Offer gemaach, ze kapituléieren, mä och déi hunn d'Éisträicher refuséiert. Doropshin huet hien ugefaangen, eng ofgeschiermt Batterie op engem Hiwwel nobäi [Wou ?] opzebauen, fir vun do aus d'Festung ze bombardéieren. Fir dat ze verhënneren, hunn d'Éisträicher an der Nuecht op de 16. Mee e massiven Ausbroch gemaach, mä hu sech, ënner héije Verloschter, nees missen zeréckzéien. De Gouverneur huet dunn ordonéiert, déi franséisch Positiounen ouni Ënnerbriechung ze bombardéieren. Dat huet 12 Deeg laang gedauert, mä d'Fransousen hu mat hire Batterien zeréckgeschoss, wat vill Verloschter, Doudeger ënner der Bevëlkerung an Zerstéierungen als Resultat hat, sou datt d'Awunner de Bender gefrot hunn, ze kapituléieren.

De 7. Juni gouf am franséische Quartier-général zu Izeg den Éisträicher hir Kapitulatioun ënnerschriwwen.[3] Den 12. Juni sinn déi 12.396 Garnisounszaldoten, encadréiert vun 11.000 franséischen Zaldoten, éierenhaft aus der Festung erausmarschéiert. Déi lescht éisträichesch Kolonn bestoung haaptsächlech aus Wallounen. Si hunn hir Waffen néiergeluecht, hu refuséiert mat den Éisträicher matzegoen a hu gefrot, an déi franséisch Arméi opgeholl ze ginn.

D'Fransousen hunn en Triumphmarsch an d'Stad organiséiert. Als alleréischt hu si e Fräiheetsbam op der Plëss d'Arem opgeriicht.[3]

Konsequenzen

änneren

Wéi erhofft, hunn d'Fransousen e ganze Koup Krichsmaterial kënne sécherstellen: 819 Kanounen, 16.244 Feierwaffen, 4.500 Säbelen, 336.857 Kanounekugelen, 47.801 Bommen, 114.704 Granaten an 1.033.153 Pond Polver.

D'Eruewerung vun der Festung Lëtzebuerg huet et der Franséischer Republik erméiglecht, déi Südlech Nidderlanden z'annexéieren.

Den 1. Oktober 1795 gouf d'Herzogtum Lëtzebuerg annexéiert an e groussen Deel vu sengem Territoire an d'Departement Forêts integréiert, dat de 24. Oktober 1795 geschaf gouf. Op der lénker Rhäinsäit blouf elo just nach Mainz iwwreg.

Literatur

änneren
  • Alain Atten, Carlo Demuth, Änder Hatz: Siège et prise de la forteresse de Luxembourg, 1794-1795 : exposition documentaire, iconographique et numismatique du 7 au 20 juin 1995 au Théâtre municipal de Luxembourg. Luxembourg: Archives nationales, 1995 [Ausstellungskatalog].

Referenzen

änneren
  1. 1,0 1,1 1,2 Kreins (2003), S.64
  2. Kreins (2003), S.64–5
  3. 3,0 3,1 Thewes, Guy; Wagener, Danièle: "La Ville de Luxembourg en 1795." Ons Stad, No. 49, 1995. p.4-7

Dësen Artikel gouf ugeluecht als Iwwersetzung vun (en) Siege of Luxembourg (1794-1795) op der engleschsproocheger Wikipedia. Auteure bis dohin (13.12.2024) stinn do am Versiounshistorique.

  Portal Franséisch Revolutioun – All d'Artikelen op der Wikipedia iwwer d'Revolutioun vu 1789.