Beesten
Beesten ass e Lieu-dit an der Gemeng Noumer. Bis zur Walreform zu Lëtzebuerg war et eng Walsektioun, déi awer wéi nach anerer an der Gemeng opgeléist gouf.
Beesten | |
---|---|
An anere Sproochen |
fr: Beisten de: Beisten |
Land | Lëtzebuerg |
Kanton | Miersch |
Gemeng |
![]() |
Buergermeeschter | John Mühlen |
Koordinaten |
49° 48’ 15’’ N 06° 06’ 52’’ O |
Wann haut vu Beesten geschwat gëtt ass domat just de fréieren Haff Hoffmann, haut Zanerhaff genannt, op der Strooss vu Kruuchten op Colmer (CR123), gemengt.
GeschichtÄnneren
Wat fir eng Lännereien zu Beesten gehéiert hunn ass net méi sou genee festzestellen. Dat eenzegt wat geschichtlech nozevollzéien ass datt den Nicolas Bourg vu Beesten 1854 President vum Walbüro an der Gemeng Noumer war. Doduerch kann een dovun ausgoen datt deemools de Buerghaff zu Beesten gerechent gouf. Spéitstens 1963 gouf de Buerghaff eng eege Walsektioun.
GeographieÄnneren
Beesten läit op enger Héicht vun 211 Meter, ronn 100 Meter vum rietsen Uwänner vun der Uelzecht ewech. Laanscht Beesten leeft d'Mëtschbaach déi an der Griecht tëscht dem Buerghaff an dem Schleederhaff erofkënnt an, an 250 Meter vum Zanerhaff ewech an d'Uelzecht leeft.