E Becherglas ass en zylindresche Becher, deen uewen e liicht no bausse gebéite Bord huet an eng Zull fir erauszeschëdden. Laanscht d'Säit ass eng Skala drop gedréckt.

Becherglas 600 ml

D'Becherglas ass nieft dem Erlenmeyerkolwen ee vun de meeschtgebrauchte Behälter an engem Laboratoire.

D'Becherglas gëtt fir vill Zwecker gebraucht, wou en einfache Glasbehälter muss benotzt ginn, z. B. fir d'Erhëtzen oder d'Zesummeschëdde vu Flëssegkeeten. De Virdeel vum Becherglas ass datt d'Borosilikatglas feierfest an duerchsiichteg ass. Becherglieser si relativ bëlleg. Et gëtt der och aus Polypropylen; déi sinn awer net resistent géint d'Hëtzt a kënne vu Saieren ugegraff ginn.

Becherglieser gëtt et nieft de Standartmoossen a méi schmuelen héijen Ausféierungen an et fënnt ee Gréisste vu 5 ml bis iwwer 10 Liter.

Um Spaweck änneren

Commons: Laboratory glassware – Biller, Videoen oder Audiodateien