Baueren- a Mëttelstandspartei

Dësen Artikel beschäftegt sech mat der Baueren- a Mëttelstandspartei. Fir eng Partei mam änlechem Numm, kuckt wgl. Partei vun de Baueren, dem Mëttelstand an den Aarbechter.

D'Baueren- a Mëttelstandspartei (frs: Parti des agriculteurs et des classes moyennes) war eng lëtzebuergesch politesch Partei, déi an den 1930er Joren existéiert huet a just am Walbezierk Norden aktiv war.

Si gouf vum Eugène Hoffmann gegrënnt an ass d'Nofollgerin vun deem senger Onofhängeger Rietspartei aus den 1920er. D'Baueren- a Mëttelstandspartei huet nëmme bei de partielle Chamberwalen 1931 an 1937 matgemaach an ass duerno nees verschwonnen.

Bei de Partielle Chamberwale vum 7. Juni 1931 krut d'Baueren- a Mëttelstandspartei am Norden 46.446 vun 291.280 Stëmmen, dat heescht ronn 16 %, a konnt mam Eugène Hoffmann a mam Jean-Pierre Wenkin zwéin Deputéiert an d'Chamber schécken.[1],[2]

Bei de Partielle Chamberwale vum 6. Juni 1937 hat si wäitaus manner Succès a kee vun hire Kandidate gouf gewielt. Si krut 19.634 vun den 317.739 gëltege Stëmmen (6 %) am Walbezierk Norden.[3],[4],[5] Den Eugène Hoffmann war 1935 gestuerwen an de Jean-Pierre Wenkin war virun de Walen 1937 bei eng aner Partei mat engem änlechen Numm gewiesselt, d'Partei vun de Baueren, dem Mëttelstand an den Aarbechter.

Referenzen änneren

  1. "Resultate der Kammerwahlen vom 7. Juni", Luxemburger Wort, 11. Juni 1931, S. 3
  2. "Chronique locale", L'indépendance luxembourgeoise, 11. Juni 1931, S. 2
  3. "Offizielle Wahlresultate - Bezirk Norden", Escher Tageblatt, 10. Juni 1937, S. 7
  4. "Offizielles Resultat der Kammerwahlen vom 6. Juni", Luxemburger Wort, 9. Juni 1937, S. 4
  5. "Les élections législatives - Résultats officiels de la circonscription du Nord", Luxembourg - Journal du matin, 10. Juni 1937, S. 2