De Barrage vum Goul ass eng kleng Boustaumauer am Dall vum Goul op der Grenz vum Cantal a vum Aveyron. Et ass e Barrage mat Iwwerlaf op der Kroun iwwer déi eng Foussgängerbréck féiert, déi och vu Reider ka benotzt ginn.

Barrage vum Goul
Land Frankräich
Plaz Pons
Zoulaf Goul
Koordinaten 44°43'34"N, 2°33'33"O
Datum vum Bau 1950
Zweck Reservebaseng
Typ Boustaumauer
Héicht
(iwwer Thalweg)
16 m
Längt 90 m
Baseng
Héicht 306 m (NGF)
Fläch 18 ha

Et ass keng elektresch Zentral beim Barrage, well en ass just geduecht fir de Séi vum Barrage vu Couesques hëllefen ze fidderen. Dofir gouf eng ronn 3.300 Meter laang ënnerierdesch Gallerie ugeluecht.