Barrage vu Mels
Land Frankräich
Gemeng Sainte-Geneviève-sur-Argence
Geographesch Lag 44° 48’ 44.47’’ N
      02° 44’ 12.70’’ O
Héicht 3,00 m.
Längt 50,00 m.
Typ Gewiichststaumauer

De Barrage vu Mels ass eng kleng Staumauer um Laf vun der Argence vive am Departement Aveyron.

Vum Barrage aus féiert eng ënnerierdesch Leitung ronn 1 km no Norde bis op de Bord vum déiwen Dall vum Cantoinet, wou se iwwer e Waasserschlass Uschloss un eng Drockleitung huet, déi 200 Meter méi déif d'Turbinn vun der Centrale du Bousquet fiddert. Déi kleng Zentral huet eng Leeschtung vun 2 Megawatt.

Gläich drop gëtt dat Waasser nees zesumme mat deem vum Cantoinet gefaasst an iwwer eng Galerie an de Stauséi vum Barrage vu Sarrans geleet, wou et nach eng Kéier kann hëllefe Stroum ze produzéieren.

Kuckt och änneren