Dëse Geographiesartikel iwwer Lëtzebuerg ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.

De Barrage Misärsbréck ass e Virbarrage vum Barrage Esch-Sauer um Stauséi Uewersauer deen zirka 1 km flossofwäerts vum Lieu-dit Misärsbréck situéiert ass.

Virbarrage Misärsbréck beim Eidellafeloossen 1991
De Virbarrage war am Januar 2017 mat Äis iwwerzunn

D'Staumauer déngt dozou ugeschwemmte Material zeréckzehalen an den Niveau vum Stauséi an de Waasserniveau vun der Sauer flossopwäerts ze reegelen. Eng Schleis op der Säit erlaabt et dat gestautent Waasser eidellafen ze loossen, wann den Niveau vum Haaptséi zeréckgeet. D'Kroun vum der 9,5 m héijer an 91 m laanger Staumauer dréit eng Foussgängerbréck.

Beim Bau vum Barrage gouf d'Neimillen ofgerappt, déi op där Plaz stoung.

Kuckt och änneren