Barbarossalüstere ware ronn Lüsteren, déi de Keeser Barbarossa a seng Fra Beatrix tëscht 1165 an 1170 verschiddene Kierche gestëft hunn. Et sinn der haut nach dräi am Originalzoustand erhalen.

De Barbarossalüster am Doum zu Oochen
De Barbarossalüster an der Klouschterkierch vu Comburg

Deen am Oochener Doum änneren

An der Pfalzkapell am Oochener Doum hänkt e Lüster, op deem eng Inskriptioun an zwou Zeilen ass: "Jerusalem, himmleschen Zion, deens d'erof klëmms aus der stäreglënnereger Färent, an du blénks a lauter Gold an du liichs an denge wäertvolle Steng".

Den Eelsten änneren

Den eelste Barbarossalüster huet en Duerchmiesser vu sechs Meter an ass aus Kofferblech, dee mat Gold iwwerzunn ass an op deem d'Nimmm vun Apostelen a vu Prophéiten stinn. De Lüster hänkt am Hildesheimer Doum, deen e vum Bëschof Hezilo geschenkt krut.

Den Drëtten änneren

Den drëtten, deen nach erhalen ass, gouf tëscht 1102 an 1108 fir d'éischt ernimmt an hänkt an der fréierer Benediktinerkierch zu Großcomburg.

Kuckt och änneren