Banque Européenne du Luxembourg

Lëtzebuerger Bank

D'Banque Européenne du Luxembourg war eng Lëtzebuerger Bank, déi vun 1961 bis 1979 bestanen huet.

Banque Européenne
du Luxembourg
D'Banque Lambert-Luxembourg (riets)
op enger Foto vun 1971, um Bd Royal
(Kräizung Bd Roosevelt an Av. Marie-Thérèse)
Typ Société anonyme
Grënnungsdatum 31. Januar 1961
Sëtz Lëtzebuerg
Branche Bankservicer

Si gouf den 31. Januar 1961 vun ë. a. der belscher Banque Lambert a Maregfina SA[1] gegrënnt. 1967 huet si hiren Numm a Banque Lambert-Luxembourg ëmgeännert[2].

Et war eng vun den éischte Banken zu Lëtzebuerg, déi an den Investmentfongen aktiv war[3].

Enn 1976 gouf se vun der BIL absorbéiert an 1979 gouf déi definitiv Dissolutioun bekannt gemaach[4].

Referenzen änneren

  1. Le gouvernement luxembourgeois - Bulletin de documentation n° 6/1961 (S. 21). Service information et presse (1961). Gekuckt de(n) 02.07.2020.
  2. Inventaire des archives du groupe SOFINA (Société financière de transports et d'entreprises Industrielles) (1881 - 1988), Archives Générales du Royaume, p. 84.
  3. Ernest Muhlen, « Les fonds de placement au Luxembourg - I », d'Letzeburger Land, 17 janvier 1964, no 3, p. 3.
  4. [www.lbr.lu B6098 - BANQUE LAMBERT - LUXEMBOURG, Date du dépôt de la radiation: 13/11/1979]. LUXEMBOURG BUSINESS REGISTERS. Gekuckt de(n) 02.07.2020.