De Bankemusée (fr: Musée de la Banque) vun der Spuerkeess ass am Haaptgebai vun der Spuerkeess op der N° 1, op der Metzer Plaz, an der Stad Lëtzebuerg.

En ale Guichet am Musée.

Do kann een déi méi wéi 150 Joer Geschicht vun der Bankeplaz entdecken. Am Joer 1995 ass de Bankemusée ageweit ginn. D'Ausstellungsraim vum Musée sinn an de fréiere Guichete vun der Spuerkeess an hunn am Ganze 650 m².

D'Ausstellungsstécker an déi interaktiv Bornen erlaben et dem Visiteur, sech mam Beruff vum Banquier ze familiariséieren. Si invitéieren d'Evolutioun z'entdecken, déi d'Spuerkeess duerch d'Zäit matgemaach huet, hir Participatioun un der ekonomescher Entwécklung vum Land an d'Servicer, déi si haut hire Clienten ubitt.

De Musée ass an eelef thematesch Raim opgedeelt, dovun eng Salle des marchés an en audiovisuellen Tour duerch d'Geschicht vum Tuerm, Symbol vun der Bank, iwwer d'Finanzplaz an d'Schoulspuerfester.

Um Spaweck änneren

Commons: Bankemusée – Biller, Videoen oder Audiodateien