Baltesch Verdeedegung
Dëse Schachartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran. |
D'Baltesch Verdeedegung ass eng Erëffnung vum Schachspill. Se zielt zu den Zouene Spiller an ass an den ECO-Coden ënner dem Schlëssel D06 klassifizéiert.
Zich | 1. d4 d5 2. c4 Lf5 |
---|---|
ECO | D06 |
Benannt no | Baltikum |
Entsteet aus | Dammegambit |
Aner Nimm | Keres-Verdeedegung, Grau-Verdeedegung, Sahovic-Verdeedegung |
D'Baltesch Verdeedegung fänkt mat de follgenden Zich un:
- 1. d4 d5
- 2. c4 Lf5
Grondiddien
ännerenDéi éischt Iddi hanner 2.... Lf5 ass et, den Dammeleefer z'entwéckelen, ier e vun engem Bauer op e6 agespaart gëtt, wéi am ofgeleenten Dammegambit. Allerdéngs géif Wäiss no 3. cxd5 Dxd5 mat 4. Sc3 an 5. e4 en Tempo gewannen an en ideaalt Bauerenzentrum opriichten. Dowéinst kënnt no 3. cxd5 déi zweet Iddi vu Schwaarz zum Asaz: Mat 3.... Lxb1 verhënnert en, datt de wäissen Dammesprénger no... Dxd5 déi schwaarz Damm ugräife kann. Allerdéngs huet d'Baltesch Verdeedegung och zwéin Nodeeler: De Bauer op b7 ass ongedeckt a kann a verschiddene Varianten duerch Db3 virdeelhaft ugegraff ginn an no 3. cxd5 Lxb1 huet Wäiss direkt de Virdeel vum Leeferpuer.
Enzyklopedie vun de Schacherëffnungen
ännerenAn der Enzyklopedie vun de Schacherëffnungen ass d'Baltesch Verdeedegung ënner dem Schlëssel D06 klassifizéiert.
- D06: 1. d4 d5 2. c4