Baccara war eng spuenesch weiblech Vokal-Popgrupp.

Eng vun den zwou haitege Baccara-Formatiounen: D'Mayte Mateos mat der Paloma Blanco

D'Grupp ass 1977 gegrënnt ginn a bestoung aus de Sängerinne Mayte Mateos (gebuer de 7. Februar 1951 zu Logroño) a María Mendiola (gebuer de 4. Abrëll 1952 zu Madrid an och do gestuerwen den 11. September 2021[1][2]). Si hu sech am November 1973 beim spuenesche Fernseeballet kenne geléiert. Si hu sech als Flamenco-Dänzerinnen a Sängerinnen als Duo „Venus“ selbstänneg gemaach a sinn ënner anerem zu Fuerteventura opgetrueden, wou se am Januar 1977 vum Leon Deane, Fred Dieckmann a Patrick Kavetz (alleguer RCA, haut: SonyBMG) entdeckt goufen.

Den éischten Album Baccara hu se 1977 opgeholl an déi zwou ausgekoppelt Singelen „Yes Sir, I Can Boogie“ a „Sorry, I'm A Lady“ waren europawäit e groussen Erfolleg.

D'Grupp Baccara huet Lëtzebuerg 1978 um Eurovision Song Contest zu Paräis vertrueden. Mat dem Lidd "Parlez-vous français?" ass si du mat 73 Punkten op déi 7. Plaz komm[3].

1982 ass d'Grupp no geriichtleche Streidereien ausernee gaangen.

An den 1990er Joren hunn déi zwou Sängerinnen, no Solokarriären, allen zwou eng nei Grupp „Baccara“ gegrënnt, mat jeeweils enger anerer Mat-Sängerin.

Discographie änneren

  • Baccara (1977)
  • Light My Fire (1978)
  • Colours (1979)
  • Bad Boys (1981)

Referenzen änneren

  1. Baccara-Sängerin María Mendiola mit 69 gestorben. Luxemburger Wort - Deutsche Ausgabe (2021-09-13). Gekuckt de(n) 2021-09-13.
  2. FOCUS Online, Sängerin des Welthits Yes Sir, I Can Boogie stirbt im Alter von 69 Jahren. FOCUS Online. Gekuckt de(n) 2021-09-13.
  3. http://www.diggiloo.net/?1978lu