B. J. Thomas

amerikanesche Sänger (1942-2021)

De Billy Joe „B. J.“ Thomas, gebuer de 7. August 1942 zu Hugo, am Oklahoma, a gestuerwen den 29. Mee 2021 zu Arlington, am Texas[1], war en US-amerikanesche Pop- a Country-Sänger.

B. J. Thomas
Gebuertsnumm Billy Joe Thomas
Gebuer 7. August 1942
Hugo
Gestuerwen 29. Mee 2021
Arlington
Doudesursaach Longekriibs
Nationalitéit USA
Educatioun Lamar Consolidated High School
Aktivitéit Sänger, Museker, Autobiograph, Filmschauspiller, Liddermécher, Discographesche Kënschtler

Hien hat an den 1960er- an 1970er-Jore reegelméisseg Succès an den Hitparaden an den USA. Weltwäit bekannt gouf en 1970 mam Lidd Raindrops Keep Fallin' on My Head, dem Film-Soundtrack vu Butch Cassidy and the Sundance Kid. De Song (Hey Won't You Play) Another Somebody Done Somebody Wrong ass och an den USA gutt ukomm. Méi spéit huet hie Gospel Lidder opgeholl woufir e fënnefmol e Grammy krut.

Hie soll iwwer 70 Millioune Placke verkaaft hunn.

Literatur änneren

  • Home Where I Belong, 1978, B. J. Thomas and Jerry B. Jenkins, Autobiografie.
  • In Tune, 1983, B. J. Thomas and Gloria Thomas, Autobiografie.

Um Spaweck änneren

Commons: B. J. Thomas – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen änneren

  1. 'Hooked On A Feeling' Singer B.J. Thomas Dies At 78