Dëse Literaturartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.

Béischten ass e Roman a Lëtzebuerger Sprooch vum Jemp Schuster, deen am Oktober 2023 bei Kremart Editions erauskoum.

Béischten
Auteur Jemp Schuster
Erauskomm Oktober 2023
Editeur Kremart Editions

Ëm wat geet et am Roman? änneren

Kromber, en Duerf am Éislek wärend der Zäit vun der däitscher Besatzung am Zweete Weltkrich: De Felix Drenger gëtt 1942 zwangsrekrutéiert a kënnt net méi zréck. Hien hannerléisst seng Fra Anni, an d'Milli, hir Duechter, déi nach net gebuer war, wéi en agezu gouf. D'Anni huet et ëmmer méi schwéier am Stot vun der Famill, wou et abestuet gouf. E puer Joer méi spéit, nom Krich, verschwënnt de Leo, e Bouf vun 13 Joer, ouni eng Spuer ze hannerloossen. Verschidde Leit am Duerf schénge méi ze wëssen, wéi se soen...

Den Titel "Béischten" bezitt sech dem Auteur no net just op Véi, ma virun allem och op déi zweebengesch Béischten, verschidde Leit, déi wéinst hirem Behuelen verdéngen, esou genannt ze ginn.[1]

Rezeptioun änneren

  00Dëst Kapitel ass nach eidel oder onvollstänneg. Hëlleft wgl. mat, fir et ze komplettéieren.

Literatur änneren

Referenzen änneren

  1. Bea Kneip: "'Béischten' den neie Roman vum Jemp Schuster."rtl.lu, 31.10.2023.