Den Avalokiteshvara, op Sanskrit अवलोकितेश्वर avalokiteśvara, ass am Mahayana-Buddhismus de Bodhisattva vum universelle Matgefill (op Sanskrit Karuṇā). Den Chenrezig, wéi en an Tibet genannt gëtt, gëllt als Patréiner vum Land. Als Begleederin vum Avalokiteshvara am tantresche Buddhismus gëllt d'Tara. D'weiblech Form a China ass d'Guanyin, a Japan d'Kannon an am Vietnam d'Quan Âm.

Verbreedung änneren

An den ostasiatesche Länner ass en ënner verschiddenen Nimm bekannt:

Inkarnatiounen änneren

Den Avalokiteshvara huet aussergewéinlech vill Inkarnatiounen. E puer vun deene geleefegste sinn:

  • Lokeshvara, „Herrscher vun der Welt“ (Sanskrit: ishvara - „Herrscher“, loka - „Plaz, Welt“); de Lokeshvara war bis zum 14. Joerhonnert besonnesch am historesche Khmer-Räich vun Angkor verbreet, duerno huet d'Bevëlkerung zum Theravada-Buddhismus gewiesselt, den als eenzege Bodhisattva de Maitreya kennt.
  • Padmapani, „deen de Lotos (Padma) an der Hand hält“

Um Spaweck änneren

Commons: Avalokiteshvara – Biller, Videoen oder Audiodateien