Autossteier

järlech Tax fir all Gefier dat zu Lëtzebuerg ugemellt ass

D'Autossteier, offiziell taxe sur les véhicules routiers, ass eng Tax zu Lëtzebuerg, déi fir all Gefier dat zu Lëtzebuerg ugemellt ass oder do fir de Verkéier zougelooss ass an dat op den ëffentleche Stroossen ënnerwee oder do immobiliséiert ass, bezuelt muss ginn.

Modell vun enger Steiervignette

Legale Kader änneren

Zanter 1997 ass d'Douane fir d'Autossteier zoustänneg. Virdru war et d'Steierverwaltung[1].

D'Zentralkeess vun der Douane zu Miersch këmmert sech ëm Festleeë vum Betrag deen ze bezuelen ass, ëm d'Andreiwe vun der Tax an ëm de Remboursement vum Betrag am Fall wou de Proprietär e Gefier ofmellt oder verkeeft. S'ass och zoustänneg fir Verstéiss géint d'Gesetz festzestellen.

Déi haiteg Autossteier baséiert op engem Gesetz vum 22. Dezember 2006 mat deem eng Reform vun der Autossteier agefouert gouf[2]. Vum 1. Januar 2007 un ass d'Grondlag fir d'Besteierung vun de Persounegefierer net méi den Hubraum vun de Verbrennungsmotoren, ma den Ausstouss vu Kuelendioxid (CO2). Well den CO2 als dee wichtegsten ënner villen Zäregasen gëllt, sollt déi nei Tax d'Keefer encouragéiere méi ëmweltfeindlech Gefierer, mat niddregen CO2-Emissiounen ze kafen.

Am Laf vun de Jore gouf dat ursprénglecht Gesetz e puermol ugepasst.

Berechnung vun der Tax änneren

De Betrag vun der Tax (an Euro pro Joer) fir Persounegefierer mat engem Kolbemotor gëtt mat follgender Formel gerechent[3]:  

woubäi:

  de Wäert vun den CO2-Emissiounen a   (op Grond vun den Informatioune vum Hiersteller um europäesche Konformitéitszertifikat). Fir Gefierer déi bis den 31. Dezember 2020 ugemellt goufen, zielen d'CO2-Wäerter vum NEDC-Fuerzyklus (New European Driving Cycle), iwwerdeems d'World Harmonised Light Vehicle Test Procedure (WLTP) fir Gefierer applizéiert gëtt, déi vum 1. Januar 2021 un immatrikuléiert goufen.

  e Multiplicateur vun 1,5 fir Autoe mat engem Dieselmotor an 1,0 fir all aner Autoen;

  e Faktor vun 0,5 fir Gefierer mat engem CO2-Ausstouss vu manner wéi 90   an deen ëm 0,10 mat all Tranche vun zousätzlechen 10   klëmmt.

Fir Persounegefierer déi fir d'éischt virum 1. Januar 2001 ugemellt goufen, grad wéi fir Motoen, gëtt d'Tax weiderhin nom Hubraum berechent. D'Berechnung vun der Tax fir Camionnetten, Camionen an Unhänger baséiert um Gewiicht vum Gefier, fir Linnebussen an Touristebussen zielt e feste Betrag.

Ausnamen änneren

Gefierer vum Staat, de Gemengen an dem groussherzoglechen Haff brauche keng Autossteier ze bezuelen. Dat gëllt och fir Trakteren déi exklusiv fir Aarbechten an der Landwirtschaft, am Gaardebau, am Wäibau oder an der Fëschzuucht gebraucht ginn.

Gefierer vun ëffentlechen Etablissementer, vun auslänneschen oder internationalen Institutioune kënnen a gewësse Fäll vun der Tax entbonne ginn.

Fir Gefierer mat engem elektresche Motor oder enger Brennstoffzell brauch och keng Autossteier bezuelt ze ginn.

Steiervignette änneren

Nodeems d'Autossteier bezuelt gouf, gëtt eng Steiervignette (offiziell vignette fiscale) ausgestallt, déi als offiziellt Dokument mat den Autospabeiere matgefouert muss ginn[4]. Bis ... huet d'Vignette missen an déi viischt Autosfënster gepecht ginn, fir datt visuell kontrolléiert konnt ginn, ob d'Stéiere bezuelt waren.

Wann d'Tax méi wéi 60 Deeg no der Echeance net bezuelt gouf, dann däerf d'Kontrollstatioun d'Gefier net fir eng technesch Kontroll zouloossen.

Um Spaweck änneren

Referenzen an Notten änneren

  1. Taxe sur les véhicules routiers. douanes.public.lu. Gekuckt de(n) 2020-12-25.
  2. Loi du 22 décembre 2006 promouvant le maintien dans l'emploi et définissant des mesures spéciales en matière de sécurité sociale et de politique de l'environnement. - Legilux. legilux.public.lu. Gekuckt de(n) 2020-12-25.
  3. fir Persounegefierer (Kategorie M1) déi nom 1. Januar 2001 ugemellt goufen
  4. Code de la route (Art. 70 vum Arrêté grand-ducal du 23 novembre 1955 portant règlement de la circulation sur toutes les voies publiques (tel qu'il a été modifié)). legilux.public.lu. Gekuckt de(n) 2020-12-26.