Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.

De Begrëff Autosconstructeur bezeechent eng Entreprise, déi haaptsächlech Autoen oder soss Gefierer mat engem Motor produzéiert. Dorënner falen awer och Marken, déi just sou Gefierer verdreiwen, also verkafen. An de meeschte Fäll ass den eigentlechen Hiersteller och mat der associéierter Mark identesch. Am Fall vu Badge Engineering wäicht dat awer vuneneen of, well hei een Hiersteller fir verschidde Marken produzéiert.