Audiolux S.A. war eng op der Lëtzebuerger Bourse cotéiert Investment-Gesellschaft.

D'Audiolux gouf am Dezember 1987 op Initiativ vun der Lëtzebuerger Regierung gegrënnt mam Zil, déi eenzel Lëtzebuerger Aktionären am Kapital vun der Compagnie luxembourgeoise de télédiffusion (CLT) ze regroupéieren "en vue de former le principal ancrage luxembourgeois de la CLT".

Am November 1995 gouf d'CLT allerdéngs vun der Bourse geholl no enger Opération publique d'échange vun Audiofina, enger vum Albert Frère sengem Grupp kontrolléierter Holding déi op der Bourse cotéiert war. Wéi 1997 d'CLT-UFA duerch d'Fusioun vun der CLT mat den Tëleesaktivitéite vu Bertelsmann gegrënnt gouf, ass d'Participatioun vun der Audiolux an der neier Societéit en plus nach méi kleng ginn. D'Operatioun Audiolux huet du kee Sënn méi gemaach.

D'Aktionären (Luxempart 29,3 %, BGL 14,7 %, Paribas 13,9 %, BCEE 12 %, SNCI 12,18 %, Le Foyer 4,09 %, La Luxembourgeoise 2,94 % plus Klengaktionären) hunn dunn decidéiert der Gesellschaft en neit Liewen ze ginn. Amplaz d'Audiolux einfach opzeléisen, huet d'Luxempart decidéiert, d'Gesellschaft z'iwwerhuelen, se op der Bourse ze loossen an de Klengaktionären ze proposéieren, weider an déi "nei" Audiolux z'investéieren. No där Operatioun, wou déi al Aktionäre mat Audiofina-Aktien a Boergeld ausbezuelt gi sinn, hat d'Luxempart eng Participatioun vun 73,1 Prozent an der Audiolux.

D'Audiolux gouf duerno benotzt fir an den "TMT"-Secteur z'investéieren, also Telekommunikatioun, Medien a Technologie. D'Audiolux war sou direkt an indirekt Aktionär vun RTL Group, der SES, Utopia Group, Firstmark Communications Luxembourg a Vox Mobile.

Am Joer 2007 gouf d'Audiolux duerch eng offre publique de rachat d'actions komplett vu Luxempart iwwerholl. D'Klengaktionäre kruten offréiert, hir Aktië géint Boergeld an Aktië vun der SES an RTL Group zeréckzeginn. Dës OPRA war e Succès an den 1. August 2007 gouf d'Audiolux vun der Bourse geholl.

2011 gouf d'Audiolux duerch eng "Fusion-Absorption" mat der Luxempart opgeléist.[1]

Referenzen änneren

  1. Luxempart-Audiolux, Avis aux actionnaires, 26 mars 2011 (www.luxempart.lu)