Atwood (Moundkrater)

Moundkrater


Den Atwood ass e klenge Moundkrater am Mare Fecunditatis, no beim Fouss vum opfalende Krater Langrenus, mat deem säi Südrand duerch niddreg Héichtenzich aus Ausworfmaterial verbonnen ass. Hie mécht zesumme mat de Kratere Bilharz u sengem Westrand an dem Naonobu am Norden eng Dräiergrupp. Allen dräi goufe fréier als Satellittekrater vum Langrenus ugesin.

Atwood
De Moundkrater Atwood (lénks uewen) an Ëmgéigend (LROC-WAC)
Koordinaten 5°52'48"S, 57°46'48"O
Duerchmiesser 28,64 km
Déift 2.500 m[1]
Selenographesch Längt 302° bei Sonnenopgank
Genannt no George Atwood
Genannt am Joer 1976
Moundvéiereck LQ21

Den Atwood ass bal kreesronn a schosselfërmeg an huet a sengem Kär en niddregen zentralen Hiwwel, deen iwwer eng Hiwwelkette mam Nordrand vum Krater verbonnen ass.

De Krater gouf am Ufank Langrenus K genannt a krut 1976 vun der IAU säin aktuellen Numm.

Kuckt och änneren

  Portal Astronomie

Um Spaweck änneren

Referenzen änneren

  1. John Edward Westfall: Atlas of the Lunar Terminator. Cambridge University Press, Cambridge 2000, ISBN 0-521-59002-7, S. 270