Atomny Iwan
Atomny Iwan (Атомный Иван, "Atom-Iwan") ass e russesche Film aus dem Joer 2012. E gouf de 27. September 2011 eng éischt Kéier zu London gewisen, ass awer eréischt den 29. Mäerz 2012 an de Kinoen ugelaf.
Film | |
---|---|
Produktiounsland | Russland |
Produktiounsjoer | 2012 |
Première | 2012 |
Originalsprooch | Russesch |
Ekipp | |
Regie | Wasili Barchatow |
Dréibuch |
Wasili Barchatow Maxim Kurotschkin |
Fotografie | Ruslan Gerasimenkow |
Musek | Sergei Schnurow |
Schauspiller | |
Julija Snigir als Tatjana Grigori Dobrygin als Iwan Jekaterina Wasiljewa Alexei Gorbunow Jewgenija Dmitrijewa | |
Filmportal - Filmer no Joren - Film no Länner - Film no Genre |
Wourëms geet et am Film?
ännerenD'Tatjana an den Iwan si schonn zanter hirer Uniszäit eng Koppel, si schaffen zesummen an engem Atomkraaftwierk a liewen an der klenger Stad nieft dem Kraaftwierk. D'Tatjana ass ganz an hirer wëssenschaftlecher Karriär engagéiert, den Iwan dogéint empfënnt fir näischt richteg Ambitiounen, ausser fir d'Tatjana.
Well den Iwan him ze kannereg ass verléisst d'Tatjana hien a kritt dunn och prompt vum Arkadij, dee fir d'Theateropféierung fir d'Jubiläumsfeier vum Atomkraaftwierk zoustänneg ass, schéin Ae gemaach. Mä du mierkt d'Tatjana, datt hatt vum Iwan an aneren Ëmstänn ass.
Soss
ännerenFinanzéiert gouf de Film vum russeschen Atomkonzern Rosatom.