Atacama Pathfinder Experiment

D'Atacama Pathfinder Experiment (APEX) ass e Radioteleskop mat 12 Meter Reflekterduerchmiesser an der chileenescher Atacamawüst. D'APEX gouf zesumme vum Max-Planck-Institut fir Radioastronomie (MPIfR), dem Europäesche Südobservatoire (ESO) an dem schweedeschen Onsala Space Observatory (OSO) op der Standplaz vum Radiointerferometer Atacama Large Millimeter Array (ALMA) opgeriicht. Dee läit op 5100 Meter Héicht um Chajnantor-Héichplateau an Nordchile, dat duerch seng dënn an dréche Loft besonnesch fir astronomesch Observatiounen am Submillimeter- a Millimeterberäich zweckvoll ass. D'APEX schafft bei 0,2 - 2,0 mm[1] Wellelängt. D'Teleskop ass e liicht verännerte Prototyp vun enger ALMA-Antenn. Déi zwou Nasmyth-Kabinne bidden zousätzlech Plaz fir Empfänger

APEX-Teleskop

Am Summer 2005 goufen déi éischt wëssenschaftlech Observatioune mam APEX gemaach. D'wëssenschaftlech Schwéierpunkte vum Teleskop leien op der Erfuerschung vu Stäregebuerten an dem Universum bei grousser Routverrécklung.

Um Spaweck änneren

Kuckt och änneren

  Portal Astronomie

Referenzen änneren

  1. Empfänger am APEX