Associatioun vun de Lëtzebuerger Bibliothekären, Archivisten an Dokumentalisten

D'Associatioun vun de Lëtzebuerger Bibliothekären, Archivisten an Dokumentalisten [Sic],gouf de 16. Dezember 1991 ënner dem Numm "Association Luxembourgeoise des Bibliothécaires, Archivistes et Documentalistes" gegrënnt, an d'Statute goufen de 6. August 1996 am Memorial C – N°377 publizéiert[1]. Zu hire Membere gehéiert och d'Nationalarchiv.

Enn Mäerz 2009 gouf an enger aussergewéinlecher Generalversammlung eestëmmeg decidéiert, den Numm op Lëtzebuergesch z'änneren[2], fir dem Dilemma am Fall vun engem däitschen an/oder franséischen Numm aus dem Wee ze goen. D'Ofkierzung ALBAD konnt op déi Manéier bäibehale ginn.

D'ALBAD, an d'Lëtzebuerger Nationalbibliothéik sinn déi eenzeg lëtzebuergesch Membere vun der IFLA, der International Federation of Library Associations.

President ass de Jean-Marie Reding.

D'ALBAD vergëtt all 5 Joer den ALBAD-Präis.

Kuckt och änneren

Um Spaweck änneren

Referenzen änneren

  1. Archive copy Gearchiveerd op 2007-06-26. Gekuckt de(n) 2009-01-08.
  2. Ännerung den 23. Mäerz 2009 am Handelsregëster ënnert der RCSL-Nummer F3048 agedroen