Association académique Arts-Sciences-Lettres de France

Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.

D'Association académique Arts-Sciences-Lettres ass den 12. November 1915 vum René Flament gegrënnt ginn, an huet hire Sëtz zu Paräis. Si ass eng vun de wichtegste kulturellen Associatiounen a Frankräich.

Si gëtt vu Perséinlechkeeten aus der Konschtwelt, der Wëssenschaft, der Literatur an der Aviatioun ënnerstëtzt. Grouss Talenter gi vun hir mat Avancementer belount, an déi vun hir Geéierte gi vun hire Membere parrainéiert. Si bréngt op deem Wee grouss Wëssenschaftler, Koschtschafender, Schrëftsteller a soss talentéiert Leit zesummen.

Si besteet aus engem Conseil d'Administration, enger Rei vun Administrateuren, enger Commission de Contrôle an aus der Commission Supérieure des Distinctions ouni hir Delegéiert a Frankräich an an anere Länner ze vergiessen.

Hir Auszeechnunge bestinn aus Bronze-, Sëlwer-, vergëllte Vermeil- a Goldmedaillen. Hir Parole heescht: "Honneur et reconnaissance aux Hommes de valeur.