Association nationale et internationale de la courtoisie française

D'Associatioun La courtoisie francaise ass 1952 dem franséische Gesetz vun 1901 no gegrënnt ginn an huet hire Sëtz zu Paräis, op der Nummer12 an der rue Blanche.[1]

Den Éierepresident ass den Alain Poher an hir Parole heescht: Être à l'écoute des autres pour maintenir et développer en France et à l'étranger une tradition et une chevalerie. D'Associatioun huet als Zil all Prinzipie vun der Éierlechkeet, der Wourecht an der Moralitéit z'iwwerwaachen. All Member ass obligéiert, mam gudde Beispill virzegoen an ënner allen Ëmstänn mat Versteesdemech, Gentillesse, Uerdnung, Éierlechkeet an Disziplin ze déngen.

D'Associatioun vergëtt Bronze-, Sëlwer, Vermeil- a Goldmedaillen un déi Memberen, déi laang Zäit dës Qualitéite respektéiert hunn. Hire Conseil d'Administration, hire Comité de Direction an hire Comité des Récompenses gëtt nom Rotatiounsprinzip changéiert.

Referenzen änneren

  1. Am Joer 2002, wéi aus der Association internationale de la courtoisie française d'Association nationale et internationale de la courtoisie française ginn ass, war de siège social: 7, rue Messidor, 75012 Paris (Journal officiel Associations).