Den Artur Fischer, gebuer den 31. Dezember 1919 zu Tumlingen (haut eng Sektioun vu Waldachtal), an och do de 27. Januar 2016 gestuerwen[1], war en däitschen Entreprener an Erfinder.

Artur Fischer
Gebuer 31. Dezember 1919
Gestuerwen 27. Januar 2016
Nationalitéit Däitschland
Aktivitéit Entreprener, Erfinder
Fischerdübelen

Hie war den eelste Jong vun engem Schneider, an hat fir Schlässer geléiert. Hien ass bekannt fir d'Erfindung vum Blëtz-Cube fir Fotosapparter, vum Baukaste Fischertechnik, ma virun allem vum Dübel aus Polyamid (1958). Hie gëllt, mat 1136 Patenter, déi en ugemellt huet, als ee vun den erfollegräichsten Erfinder aus Däitschland, wann net vun der Welt.

Seng Firma, déi en 1948 gegrënnt huet, an déi en 1980 u säi Jong Klaus viruginn huet, hat 2012 e weltwäiten Ëmsaz vu 618 Milliounen Euro.

Literatur änneren

Referenzen änneren

  1. "Der Dübelkönig ist tot - Artur Fischer stirbt mit 96 Jahren." op stuttgarter-zeitung.de, 29. Januar 2016.