Den Arsène Betz, gebuer den 22. September 1923 zu Käerch a gestuerwen de 17. November 2003 an der Stad Lëtzebuerg, war e lëtzebuergeschen Dokter, Zwangsrekrutéierten, Auteur an Direkter vum Staatslaboratoire[1].

Arsène Betz
Gebuer 22. September 1923
Gestuerwen 17. November 2003
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Schrëftsteller

Den Dokter an Direkter vum Staatslaboratoire änneren

Den Arsène Betz, deen am Zweete Weltkrich zwangsrekrutéiert gi war, huet säin Dokteschdiplom de 26. Abrëll 1951 kritt. Den 22. Mäerz 1952 ass hien als Dokter zu Lëtzebuerg zougelooss ginn. Hien huet ufanks als Generalist zu Beetebuerg praktizéiert.

1955 koum hien als Mikrobiolog an de Staatslaboratoire. Hien huet seng Kenntnesser an der Mikrobiologie an an der Immunologie am Institut Pasteur vu Paräis approfondéiert. Vun 1959 un huet hien zu Lëtzebuerg am Staatslaboratoire e virologesche Laboratoire ageriicht. Vun 1977 bis 1988 gouf hien als Nofollger vum Eugène Ost Direkter vum Staatslaboratoire, deen am November 1980 den Numm Laboratoire national de santé[2] krut. Den 2. September 1988 ass den Arsène Betz a Pensioun gaangen[1].

Vun 1988 bis 1995 war de Betz President vum Centre de recherche public – Santé. Hie war President vun der nationaler Ethikkommissioun bis 1995[1].

Member vum Institut grand-ducal änneren

Am Februar 1968 gouf den Arsène Betz als Membre correspondant vun der wëssenschaftlecher Sektioun vum Institut grand-ducal proposéiert. An der Sëtzung vum 4. Abrëll 1968 ass déi Propose akzeptéiert ginn. Hie war deemools médecin-chef au département de virologie de l'Institut d'hygiène et de santé publique[3].

Den Auteur änneren

Den Arsène Betz huet eng Rei medezinesch Fachartikelen am Bulletin vun der Société des sciences médicales publizéiert[1].

1968 krut hien de Prix de sciences[4] an 1973 de Prix Lions[5].

Literatur änneren

  • Betz, A., 1989. Le Laboratoire National de Santé. Bulletin de la Société des sciences médicales du grand-duché de Luxembourg, N° jubilaire du 125e anniversaire, S. 77-80.
  • Kugener, H., 2005. Die zivilen und militärischen Ärzte und Apotheker im Großherzogtum Luxemburg. Band 1 (A-G). Luxemburg, Eigenverlag, S. 1-652.

Referenzen änneren

  1. 1,0 1,1 1,2 1,3 Kugener 2005, S. 26-127.
  2. Betz 1989, S. 78.
  3. Archives de la Section des sciences naturelles, etc. de l'Institut grand-ducal N.S. 24 (1968 et 1969), Säit 10 (séance du 8 février 1968) a Säit 11 (séance du 4 avril 1968).
  4. d'Letzeburger Land 1968-12-27, S. 6 (Sechs Wissenschaftler).[1] Dëse Präis ass agefouert ginn duerch den arrêté du 1er décembre 1938, portant création d'un prix de littérature, d'un prix de science et d'un prix d'art (Mémorial 1938, Nr. 82, S. 1297).
  5. Bulletin de documentation. Service Information et Presse, Grand-duché de Luxembourg, novembre-décembre 1973, S. 40.[2]

Um Spaweck änneren