D'Arnhemland, am Northern Territory (Australien), ass ee Siidlungsgebitt vun den Aborigines a mat 97.000 km² e bësse méi grouss wéi Portugal. Et läit un der Nordküst vum Kontinent, ronn 200 km ëstlech vun der Stad Darwin.

Et liewen op dëser grousser Fläch knapps 20.000 Persounen.

D'Gebitt krut den Numm vum Schëff De Arnhem dat no der hollännescher Stad Arnhem am Gelderland gedeeft gouf, a mat deem den hollännesche Séifuerer Willem Joosten van Colster am Joer 1623 d'Géigend entdeckt huet.

Den Numm krut d'Gebitt zwar eréischt méi spéit vun engem englesche Fuerschungsreesenden a Kartograph, dem Matthew Flinders.

D'Arnhemland erstreckt sech vu Port Roper um Golf vu Carpentaria bis zum East Alligator River, wou et un de Kakadu-Nationalpark grenzt. D'Land gëtt vum Northern Land Council verwalt.

Zanter déi australesch Regierung d'Aborigines 1976 als Besëtzer vum Land unerkannt huet, liewen hei erëm méi Aborigines. Visiteure brauchen eng speziell Erlabnes vun den Aborigines vum Yolngu-Stamm, déi bis zu engem Joer am viraus ugefrot muss ginn. Bis op Gunbalanya an de Garig-Gunak-Barlu-Nationalpark ass dat ganz Gebitt fir Touriste praktesch komplett gespaart.

Um Spaweck änneren

Commons: Arnhemland – Biller, Videoen oder Audiodateien