Arnaville ass eng franséisch Uertschaft a Gemeng am Departement Meurthe-et-Moselle an der Regioun Grand Est.

Arnaville
Land Frankräich
Regioun Grand Est
Departement Meurthe-et-Moselle
Arrondissement Toul
Kanton Pont-à-Mousson
Postcode 54530
Gemengecode 54022
Koordinaten 49° 00’ 43’’ N
      06° 01’ 52’’ O
Fläch  522 ha
Bevëlkerung  600 (2008)

Se läit um Zesummefloss vum Rupt de Mad mat der Musel, an ass mat enger Héicht vun 171 Meter déi niddregst Plaz am Departement. D'Gemeng ass en Deel vum Parc naturel régional de Lorraine.

D'Awunner ginn Arnavillois genannt.

D'Uertschaft läit am Parc naturel régional de Lorraine

Zweete Weltkrich änneren

Arnaville, dat tëscht 1871 an 1918 op der Grenz mat Däitschland louch, war vum 10. bis de 16. September 1944 den Theater vu schlëmme Kämpf tëscht der amerikanescher Arméi an der däitscher Wehrmacht.[1] Domat sinn d'Krichshandlungen ëm d'Uertschaft awer nach net eriwwer, mä et sollt bis Ufank Dezember 1944 dauere bis datt d'Liewen am Duerf nees ee friddleche Verlaf hëlt.[2]

Kuckt och änneren

Um Spaweck änneren

Commons: Arnaville – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen änneren

  1. La tête de pont d'Arnaville thanksgis.com
  2. Arnaville, la libération op thanksgis.com