Den Armin Krings, gebuer den 22. November 1962 zu Mönchengladbach, ass e fréieren däitsch-lëtzebuergesche Foussballspiller.[1]

Armin Krings
Gebuer 22. November 1962
Mönchengladbach
Nationalitéit Däitschland
Aktivitéit Foussballspiller
Positioun oder
Spezialitéit
Stiermer
Veräin/Ekipp Avenir Beggen,
FC Monnerech,
Avenir Beggen,
Lëtzebuergesch Foussballnationalekipp

Tëscht dem 9. September 1987 am 13. November 1991 huet hie 14-mol fir déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp gespillt an dobäi 1 Gol geschoss.[2]

Vun 1981 bis 1995 huet hie fir den Avenir Beggen gespillt, an der Saison 1995/96 war hie beim FC Monnerech a koum fir d'Saison 1996/97 nach emol zeréck bei den Avenir Beggen.[3]

Hien huet an der Foussball Nationaldivisioun iwwer 255 Goler geschoss, an ass deemno de Spiller deen déi meescht Goler geschoss huet. Mam Avenir ass hie fënnefmol Meeschter ginn, a sechsmol huet hien d'Coupe gewonnen.

Referenzen änneren

  1. Den Armin Krings op der Websäit vun der Football Database.eu
  2. Den Armin Krings op der Websäit vun European Football
  3. Den Armin Krings op der Websäit vun National Football Teams