Armand Thill (Historiker)

lëtzebuergesche Historiker
Dësen Artikel beschäftegt sech mat dem Historiker Armand Thill. Fir aner Leit mat dem selwechten Numm, kuckt wgl. Armand Thill.

Den Armand Thill, gebuer 1950 zu Esch-Uelzecht a gestuerwen de 6. Abrëll 2016 zu Mamer[1], war e lëtzebuergesche Geschichtsprofesser an Historiker.

Armand Thill
Gebuer 1950
Gestuerwen 6. Abrëll 2016
Aktivitéit Historiker

Biographie änneren

No senge klassesche Secondairesstudien am Escher Jongelycée huet den Armand Thill op de Cours supérieurs an der Stad Lëtzebuerg an op der Universitéit vun Nanzeg Geschicht a Geographie studéiert. Am Kader vum Stage pédagogique huet hien eng historesch Aarbecht iwwer de Lëtzebuerger Bësch vu 1795 bis 1830 geschriwwen (net publizéiert).

No enger éischter Ustellung am Lycée technique Michel-Lucius (1976-1980) huet hien, bis zu senger Pensionéierung am Joer 2011, am Kolléisch enseignéiert. Donieft huet hien och Geschichtscoursen an der Privatschoul Fieldgen gehalen. Hie war néng Joer laang President vun der Kommissioun fir d'Geschichtsprogrammer vum Secondaire général (classique & moderne). Den Armand Thill war bestuet a Papp vun zwee erwuessene Meedercher.

Publikatiounen (Auswiel) änneren

  • L'enseignement de l'histoire dans les années 70 et 80: une difficile recherche d'identité ; in: Ré-Création 5 (1989), APESS-Verlag, Dikrech; Ss. 245-250.
  • À propos d'un anniversaire - 1919: Les Luxembourgeois ont la parole ; in: Trait d'union - Bulletin de liaison de l'École privée Fieldgen ; Nr. 53, Lëtzebuerg, 1989; Ss. 72-76 (ill.).
  • La question féminine au début du XXe siècle ; in: Centenaire de l'École privée Fieldgen (1891-1991) ; Lëtzebuerg, 1991; Ss. 34-45.
  • L'enseignement de l'histoire au Luxembourg depuis 1945 ; in: Schule und Identitätsbildung in der Region Saar-Lor-Lux / Enseignement scolaire et formation d'identités collectives dans l'espace Sar-Lor-Lux ; erausgi vum Rolf Wittenbrock, vum Gérard Michaux a vum Paul Dostert, Saarbrécken, 1994; Ss. 119-133.
  • L'Athénée royal au XIXe siècle: regards sur un passé révélateur ; in: 400 Joer Kolléisch, Bd. 2 (L'Athénée et ses grands anciens, 1815-1993); Lëtzebuerg, Sankt-Paulus Verlag, 2003; Ss. 11-82 (ill.).
  • Évocation historique du <<Passé athénien>> - Discours prononcé lors de la séance académique du 1er octobre 2003 pour commémorer les 400 ans du 'Kolléisch'; in: Die Warte - Perspectives, Joergang 54, Nr. 29 / 2049; vgl. Luxemburger Wort vum 9. Oktober 2003; op en Neits publizéiert in: 400 Joer Kolléisch, 5. Band: Les festivités du Quadricentenaire de l'Athénée (sic) de Luxembourg ; Sankt-Paulus-Verlag, Lëtzebuerg, 2004; Ss. 73-77.
  • L'Athénée en proie aux vicissitudes du temps - Quelques réflexions à propos de deux siècles de réformes scolaires ; in: d'annALe vum Staadter (sic) Kolléisch, 01 / 2007-2008, Ss. 264-271.
  • Dans les bras de Clio - Discours prononcé en mémoire de l'historien Émile Krier à l'occasion de l'inauguration de la salle d'histoire de l'Athénée, désormais "Salle Émile Krier" ; in: d'annALe vum Staadter (sic) Kolléisch, 02 / 2008-2009, Ss. 136-138.
  • L'enseignement de l'histoire - Les tribulations de l'enseignement historique ; in: d'annALe vum Staadter (sic) Kolléisch, 03 / 2009-2010, Ss. 324-329.
  • L'instruction professionnelle des apprentis ouvriers au cours du premier XXe siècle; in: Terres rouges - Histoire de la sidérurgie luxembourgeoise, Band 4; Lëtzebuerg, 2015; Ss. 44-75. ISBN 978-2-919773-11-4

Referenzen an Notten änneren

  1. Doudesannonce am Luxemburger Wort vum 9./10. Abrëll 2016, S. 93.