Aristoteles (Moundkrater)

Moundkrater


Den Aristoteles ass en Aschlagkrater am Nordoste vun der viischter Moundsäit um Südrand vum Mare Frigoris. Et ass e grousse Krater mat terrasséiertem Rampli. Säi südëstleche Rand iwwerdeckt deelweis de benoperte Krater Mitchell. Mam südlech geleeëne eppes klengere Krater Eudoxus bilt Aristoteles eng opfälleg Koppel.

Aristoteles
D'Kratere Aristoteles a Mitchell (LROC-WAC)
Koordinaten 50°14'24"N, 17°19'12"O
Duerchmiesser 87,6 km
Déift 3.500 m
Selenographesch Längt 343° bei Sonnenopgank
Genannt no Aristoteles
Genannt am Joer 1935
Moundvéiereck LQ05
Lëscht vun den Niewekrateren
Buschtaf/Numm Positioun Duerchmiesser Link
D 47,48° N, 14,71° O7 6 km [1]
M 53,49° N, 27,24° O7 7 km [2]
N 52,89° N, 26,81° O7 5 km [3]

De Krater gouf 1935 vun der I.A.U. nom griichesche philosoph Aristoteles genannt.

Kuckt och änneren

  Portal Astronomie

Um Spaweck änneren