Arctic Race of Norway

Vëloscourse an Norwegen

D'Arctic Race of Norway ass eng Vëloscourse déi zanter 2013 am August am Norde vun Norwegen gefuer gëtt.

Et ass déi Course déi am nërdlechsten Deel vun der Welt gefuer gëtt, an et ass och déi wichtegst an Norwegen nach virun dem Tour vun Norwegen an dem Tour vun de Fjorden, déi och um Kalenner vun der UCI stinn.

D'Course gëtt a véier Etappe vun donneschdes bis sonndes gefuer. Bei den zwou éischten Editioune war s'an der Kategorie 2.1 vun der UCI Europe Tour klasséiert. Wéinst dem grousse Succès gouf se, vun 2015 un, als 2.HC klasséiert.

2014 war eng Etappenarrivée um Nordkap. Et ass déi Course déi e Biergpräis op der Héicht vun 0 (null) Meter huet, an zwar op der Sortie vum 212 Meter déiwen Ënnerwaasser-Nordkaptunnel

Palmarès änneren

 JoerGewënnerZweetenDrëtten
2013  Thor Hushovd  Kenny van Hummel  Nikias Arndt
2014  Steven Kruijswijk  Alexander Kristoff  Lars Petter Nordhaug
2015  Rein Taaramäe  Silvan Dillier  Ilnur Zakarin
2016  Gianni Moscon  Stef Clement  Oscar Gatto
2017  Dylan Teuns  August Jensen  Michel Kreder
2018  Sergey Chernetskiy  Markus Hoelgaard  Colin Joyce
2019  Alexey Lutsenko  Warren Barguil  Krists Neilands
2021  Ben Hermans  Odd Christian Eiking  Victor Lafay
2022  Andreas Leknessund  Hugo Houle  Nicola Conci
2023  Stephen Williams  Christian Scaroni  Kevin Vermaerke
2024

Um Spaweck änneren