Arche (Mound)

Jupitermound


Den Arche (oder Jupiter XLIII) ass e klenge Mound vum Planéit Jupiter.

Arche
(Jupiter XLIII)
Provisoresch oder
systematesch
Bezeechung
S/2002 J 1
Zentralkierper Jupiter
Eegenschafte vum Orbit
Grouss Hallefachs 22.931.000 km
Periapsis 16.992.000 km
Apoapsis 28.870.000 km
Exzentrizitéit 0,2588
Ëmlafzäit 723,9 Deeg
Ëmlafvitess 2,30 km/s
Inklinatioun 165,0°
Physikalesch Donnéeën
Mëttleren Duerchmiesser ~ 3 km
Dicht 2,6 g/cm3
Gravitatioun
op der Uewerfläch
? m/s2
Albedo 0,04
Visuell Magnitude (mag) 22,8
Entdeckung
Entdecker IFA Hawaii
Entdeckungsdatum 31. Oktober 2002

Entdeckung änneren

Astronome vun der Universitéit vun Hawaii hunn den Objet den 31. Oktober 2002 entdeckt. Hie krut deen Ament d'Nummer S/2002 J 1. Säin offiziellen Numm Arche huet de Mound den 30. Mäerz 2005 vun der Internationaler Astronomescher Unioun (IAU) kritt.

De Mound gouf no der Arche genannt, enger titanescher Mus.

Bunndaten änneren

Den Arche kreest a 723 Deeg, 22 Stonnen a 36 Minutten op enger mëttlerer Distanz vun 22.931.000 km ëm de Jupiter. D'Bunn huet eng Exzentrizitéit vun 0,2588. Mat enger Schréi vun 165,001° ass d'Bunn retrograd, d. h., de Mound leeft géint d'Rotatiounsrichtung vum Jupiter ëm de Planéit.

De Mound Arche gehéiert zu der Carme-Grupp well hien änlech Eegenschaften huet wéi de Jupitermound Carme.

Physikalesch Daten änneren

Den Arche huet en Duerchmiesser vu ronn 3 km. Seng Dicht gëtt op 2,6 g/cm³ geschat. Hien ass méiglecherweis aus Silikatgestengs opgebaut. Seng Uewerfläch ass däischter a seng Albedo ass 0,04, d. h., nëmme 4 % vum agestraalte Sonneliicht gi reflektéiert. Seng visuell Magnitude ass 22,8m.

Kuckt och änneren

  Portal Astronomie

Um Spaweck änneren