Arancini (oder Arancine) sinn eng italieenesch Kichespezialitéit aus Sizilien.

Arancini
Eefërmeg Arancini vu Lipari

Et si eng Zort Kniddelen aus zesummegepaaptem Räis, ongeféier vun der Gréisst vun engem Tennisball, an deenen eng Farce ass aus Tomatenzooss, Gehacktes, Ierbëssen oder klenge Bounen, an och alt Champignonen oder klenggeschniddent Geméis a Kéis. D'Bulle gi panéiert an da frittéiert oder am Ueleg ugebroden. Traditionell ass dëst eng Method, fir Risottosreschter vum Dag virdrun ze verschaffen.

Den Numm kënnt dovun, well se wéi kleng Orangen ausgesinn (Orange heescht arancia).

Regional gëtt et och Varianten, déi eng ovoid Form hunn.

Populärkultur änneren

De Kommissär Salvo Montalbano, de sizilianesche Romanheld vum Andrea Camilleri, ass e groussen Amateur vun Arancini.