Antonius Maria Zaccaria

Dësen Artikel iwwer de Chrëschtentum ass eréischt just eng Skizz Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.

Den Antonius Maria Zaccaria war en italieenesche Paschtouer a Physiker, deen 1502 zu Cremona an Italie gebuer gouf.

Antonius Maria Zaccaria
Antonius Maria Zaccaria
15025. Juli 1539
Detailer
Beatifikatioun 3. Januar 1890 vum
Poopst Leo XIII
Kanonisatioun 15. Mee 1897
Ënner dem Poopst Leo XIII
Gedenkdag 5. Juli

Hie staamt aus enger nobeler Famill. Hie studéiert Medezin zu Padua an engagéiert sech als Laien an der Verkündung. E gëtt Unterrecht am Katchëssem, hält Virträg an organiséiert Seminairen. Am Alter vu 26 Joer gëtt e Geeschtlechen, woubäi seng Aarbecht sech haaptsächlech un déi geeschteg Elite vun de Stied adresséiert fir dann iwwer si op déi breet Massen anzewierken.

Doraus entwéckelt sech vu 1530 un d'Kongregatioun vun de Regularkleriker vum Hellege Paulus, kuerz Paulaner, déi Aufgaben an der Erzéiung vun der Jugend an an der Volleksmissoun iwwerholl hunn. Nodeem se vum Poopst 1533 unerkannt ginn an a d'Klouschter S. Barnaba zu Mailand geplënnert sinn ass den Uerden Barnabiten genannt ginn. Hiert Uleies war d'Unhiewe vun der Moral an alle gesellschaftleche Schichten, virun allem och am Klerus. Net laang duerno ass och eng Fraekongregatioun gegrënnt ginn, déi Englesch Schwëstere vum Hellege Paulus, kuerz d'Angeliken, déi sech virun allem ëm Meedercher gekëmmert huet.

Literatur zum Theema änneren

  • Marcello Landi, La presenza della Summa Theologiae di Tommaso d'Aquino nei primi due Sermoni di Antonio Maria Zaccaria in Barnabiti Studi 20 (2003), pagg. 69-81
  • Marcello Landi, Sant'Antonio Maria Zaccaria. Contesto storico-culturale e presenza della Summa Theologiae di san Tommaso d'Aquino nei suoi primi tre sermoni, in Sacra Doctrina. Studi e ricerche n. 52 (3/2006), pp. 46–81