Antonius-Brudderschaft (Siwebueren)

D'Antonius-Brudderschaft vun de Siwebueren ass den 13. Juli 1812, um Dag vum hl. Antonius vu Padua, dem Patréiner vun den Aulebäcker, vum Parzeläinsfabrikant Pierre-Joseph Boch zesumme mat sengen Aarbechter aus der Faïencerie op de Siwebueren am Rollengergronn gegrënnt ginn.

Si hat eng sozial an eng moralesch Missioun. Haaptzweck war et ursprénglech, kranken oder invalide Bridder ze hëllefen an hinnen an hire Fraen en anstännegt Begriefnes mat enger Mass ze garantéieren.

Bridder, deenen hiert moralescht Behuele net an der Rei war, konnten zur Uerdnung geruff a souguer, wann dat nach eng Kéier virkoum, aus der Brudderschaft ausgeschloss ginn.

Am Laf vun der Zäit huet d'Brudderschaft nach weider sozial Aufgaben iwwerholl.

Literatur änneren

  • Bost, B., 2012. Die Antonius-Bruderschaft von Septfontaines: vor 200 Jahren wurde in Luxemburg die erste Sozialversicherung Europas gegründet. Lëtzebuerger Journal 2012, Nr. 134 (13. Juli), S. 4. (Archived by WebCite®)
  • Anordnungen der am 13. Juni 1812 durch Herrn Peter Joseph Boch und dessen Steingut-Arbeiter zu Sieben-Brunnen gestifteten Bruderschaft des hl. Antonius von Padua, wie solche am heutigen Tage, 13. Juni 1886, nach den geschehenen Abänderungen, Zusätzen und Verbesserungen festgesetzt und durch unterschriebene Mitglieder angenommen worden sind. - [Luxemburg]: [s.n.], 1886. - 13 S. BNL
  • Verordnungs-Buch 1852 / St. Antonius-Bruderschaft auf der Faïencerie zu Sept-Fontaines. - Luxemburg: M. Behrens Sohn, [1852]. - 16, [16] S.: Tab. BNL