Den Antoine Duhamel, gebuer den 30. Juli 1925 zu Valmondois a gestuerwen den 11. September 2014 zu Val-d'Oise war e franséische Komponist.

Antoine Duhamel
Gebuertsnumm Antoine Dominique Duhamel
Gebuer 30. Juli 1925
Valmondois
Gestuerwen 11. September 2014
Valmondois
Nationalitéit Frankräich
Educatioun Faculté des lettres de Paris,
Paräisser Conservatoire
Aktivitéit Komponist
Famill
Bestuet mat Michèle Auclair
Papp Georges Duhamel
Mamm Blanche Albane

Den Antoine Duhamel, war de Jong vum Schrëftsteller Georges Duhamel an der Schauspillerin Blanche Albane. Hien huet op der Sorbonne Psychologie a Musek studéiert an dernieft huet hien och nach säi Wëssen an der Musek bei de Komponisten Olivier Messiaen a René Leibowitz ausgebaut.

Nieft Operen, Kammermusek a sinfonesche Wierker huet hien och nach d'Musek fir eng 90 Filmer geschriwwen.

Musekwierker änneren

  • Humoresque fir Orchester
  • Le scieur de long, Oper
  • Concerto fir Piano an Orchester
  • Symphonie Saint-Fargeaux
  • Pierrot le Fou, véier Stécker fir Orchester
  • Lundi Monsieur, vous serez riche, Oper
  • Animus-Anima fir groussen Orchester
  • Ubu à l'opéra, Oper
  • Gambara, Oper
  • Symphonie Death Watch
  • Les travaux d'Hercule, Oper fir Kanner
  • Le Transsibérien, Oper
  • Quatrevingt-treize, Oper
  • Ballade au vibraphone
  • Les aventures de Sinbad le marin, Oper
  • Valse d'hiver fir Orchester
  • Carmenmania, Ballet

Filmmusek (Auswiel) änneren

Um Spaweck änneren

Commons: Antoine Duhamel – Biller, Videoen oder Audiodateien