Antoine-Joseph Alexandre

Den Antoine-Joseph Alexandre gebuer de 16. November 1802 zu Marche-en-Famenne a gestuerwen zu Dampicourt den 9. Februar 1885 war e belsche Professer an de Mëttelschoule vun Aarschot a Jodoigne an Auteur vu verschiddene Schoulbicher an Theaterstécker.

Antoine-Joseph Alexandre
Gebuer 16. November 1802
Marche-en-Famenne
Gestuerwen 9. Februar 1885
Aktivitéit Schrëftsteller, Enseignant

Wierker änneren

Op Franséisch:

  • Introduction à l'histoire générale et aux biographies des grands hommes, erauskomm bei Meurquin-De Hild zu Marche.

Op Wallounesch:

  • Virgile à Mautche avou ses bierdgis, (zéng Hiertegedichter) erauskomm 1855 bei Meurquin-De Hild.
  • Les macrales di Wahå oder Li tcherboni do Bwès Montet Vaudeville an dräi Akten, Léck 1861.
  • Li pexhon d'avri" (oder "Vos l'åroz, vos n'l'åroz nén") . Kaméidistéck a 5 Akten, Léck 1858. Dat stéck krut eng Medail am Vermeil vun der Société liégoise de littérature walonne. Wéi et zu Léck ofgefouert gouf, krut all Spectateur eng Lëscht mat ronn 80 Wierder aus dem Patois vu Marche, déi zu Léck net bekannt waren.