D'Loftpompel (Latäin: Antlia) ass e Stärebild südlech vum Himmelsequator.

Date vum Stärebild Antlia
Lëtzebuergeschen Numm Loftpompel
Laténgeschen Numm Antlia
Laténgesche Geenitiv Antliae
Laténgesch Ofkierzung Ant
Rektaszensioun 9h 27m bis 11h 06m
Deklinatioun -24° 30´ bis -40° 25´
Fläch 239 Quadratgrad
Rang
Siichtbar op de Breetegraden 50° Nord bis 90°
Observatiounszäitraum
fir Mëtteleuropa
Fréijoer
Zuel vu Stäre mat
Gréisst < 3m
0
Hellste Stär,
Gràisst
α Antilae,
4,25m
Meteorstréim  
Nopeschstärebiller
(vun Norden am
Auerzäresënn)
Hydra

Pyxis
Vela
Centaurus

Kaarte vum Stärebild Antlia


Beschreiwung änneren

D'Antlia ass en onschäinbaart Stärebild, dat sech aus liichtschwaache Stären zesummesetzt. Nëmmen den hellste Stär, α Antliae, erreecht déi 4. Gréissteklass.

Eng Observatioun vun deem Stärebild ass ganz schwéier, well et am Fréijoer nëmmen e puer Grad iwwer dem Horizont steet.

Geschicht änneren

De franséischen Astronom Nicolas Louis de Lacaille huet am 18. Joerhonnert e puer Plazen a Regiounen um südleche Stärenhimmel en Numm ginn. Am Géigesaz zu de klassesche Stärebiller, déi no mythologesche Gestalte genannt goufen, hunn d'Konstellatioune meeschtens d'Nimm vun techneschem Material, a si kruten d'Nimm zu Éiere vum Otto von Guericke a vum Robert Boyle déi an der technescher Entwécklung grouss Leeschtunge bruecht hunn.

Himmelsobjeten änneren

Stären änneren

B F Numm o. aner Bezeechnungen m M Lj Spektralklass
α 4,28 -0,97 366 K4 III
ε 4,51 -2,15 700 K3 III
ι 4,60 0,67 199 K0 III
θ 4,78 -0,58 384 A7 V
η 5,23 2,66 106 A8 IV
HR 4086 5,34 2,3 132 A8 V
HR 4313 5,43 -0,63 530 A0 V
AG 5,44 -3,68 2200 B9.5 Ib/II
HR 3770 5,49 -1,36 760 K2 III CNII
U 5,50 -1,54 840 C5
δ 5,57 481
ζ1 5,75 372
ζ2 5,91 374

Den hellste Stär, α Antilae läit op enger Distanz vun 366 Liichtjoer vun eis ewech, hie liicht orange a gehéiert zu der Spektralklass K6 III.

Méifachstären änneren

System m Ofstand
ζ1 5,93 / 6,35 / 7,21 8"

Den ζ1 Antilae ass e Dräifachstäresystem op enger Distanz vun 372 Liichtjoer.

Verännerlech Stären änneren

Stär m Period Typ
U 5,5 bis 7,1 onreegelméisseg Verännerlecher

Den U Antilae ass en déifroude verännerleche Stär vun der Spektralklass C5. Hie läit 840 Liichtjoer vun eiser Äerd ewech. E verännert seng Hellegkeet ouni Periodizitéit.

Messier- an NGC-Objeten änneren

Messier (M) NGC aner m Typ Numm
2997 9,4m Galaxie
3132 8,2 Planetareschen Niwwel Eight-Burst-Nebula
PGC 29194 14,8 Galaxie

Den NGC 2997 ass eng Spiralgalaxie vum Typ Sc, där hiren Niveau zu ronn 45° an eis Bléckrichtung gebéit ass.

Den NGC 3132 ass e planetareschen Niwwel. Wéinst senger Form, déi un eng 8 erënnert, gëtt hien och Eight-Burst-Nebula genannt. A sengem Kär ass en Duebelstäresystem.

De PGC 29194 ass eng liichtschwaach Zwerggalaxie, déi zu der lokaler Grupp gehéiert.

Kuckt och änneren

  Portal Astronomie

Um Spaweck änneren

Commons: Antlia – Biller, Videoen oder Audiodateien

  Portal Astronomie