Dësen Artikel beschäftegt sech mat den alen a rare Sammlerobjeten. Fir d'Antiqutéit als Zäitepoch, kuckt wgl. Antiquitéit.

Als Antiquitéiten (vum lat. antiquitas "Altertum") bezeechent een Objeten, meeschtens vu kënschtlerescher oder konschthandwierklecher Aart, déi jee no Stilrichtung op d'mannst 100 Joer al sinn.[1] Si ëmfaassen all Beräicher vum mënschleche Liewe vum Altertum bis zur Neizäit. Dobäi mussen déi Objeten awer net zwangsleefeg schonn ufanks als Sammlerobjete mat entspriechender handwierklecher oder materieller Qualitéit geduecht gewiescht sinn, och einfach Gebrauchsgéigestänn, Miwwelen, Geschier, landwirtschaftlech Instrumenter, Kichegeschier asw. kënne sech am Laf vun der Zäit duerch entspriechend Raritéit an Alter zu gesichten Antiquitéiten entwéckelen.

Antiquitéit: Eng al Auer

Al Bicher, Schrëften, Nouten, Zeitungen an Zäitschrëfte ginn als "antiquaresch" bezeechent. Konschtgéigestänn aus dem Altertum ginn och Antike genannt.[2] D'Bezeechnung Altertemer bezitt sech allgemeng op Zeie vun der Kulturgeschicht (sougenannt Monumenter) aus dem Altertum.

Antiquitéitenhandel änneren

Geschicht änneren

Antiquitéite goufe schonn an der Fréizäit an am Altertum gehandelt. Schonn d'Réimer hu sech gär mat Skulpturen aus Griicheland ëmginn, d'grouss Nofro huet och zu Kopie gefouert. Am Mëttelalter hunn haaptsächlech Geeschtlech, Geléiert oder Adeleger al a seele Géigestänn gesammelt a hunn déi an Naturaliecabineten oder Wonnerkummeren ausgestallt. Nieft den eigentleche Sammler huet sech den Antiquitéitenhandel der Saach geméiss vun de Lompesammler hin zu dem modernen Antiquitéitenhandel vun haut entwéckelt, dee sech meeschtens op bestëmmt Theemeberäicher spezialiséiert. Beléift sinn an deem Beräich och Floumäert, Steeën  a Manifestatioune wéi allgemeng Antiquitéitefoiren oder méi spezieller wéi z. B. Mënzefoiren.

Wäertentwécklung änneren

 
Al Miwwelen

Bei Konschtwierker (Biller, Plastiken asw.) gëtt et e fléissenden Iwwergank tëscht Handel vun aler Konscht  an Antiquitéitenhandel. Antiquitéiten erreechen op Steeën dacks en héije Verkafspräis, dee mat dem Alter, dem Erhalungszoustand a Seelenheetswäert klëmmt. Dobäi kënnt, datt d'Objeten dacks ganz héichwäerteg hiergestallt goufen (meeschtens an Handaarbecht) oder aus haut deierem Material (z. B. massivem Edelholz, Elfebeen oder Metaller) bestinn.

A gewësse Grenze ginn d'Präisser awer och duerch d'Moud beaflosst, andeems grad beléift Objete méi héich Präisser erreechen. Sou waren an den 1970er an 80er Jore Baueremiwwel ganz gesicht, ginn awer haut zu däitlech méi niddrege Präisser gehandelt. Och praktesch Aspekter spillen eng Roll: Objeten, déi nëmme schwéier an enger normaler Wunneng ënnerbruecht kënne ginn (z. B. ongewéinlech héich Miwwel) si schwéier ze verkafen.

Handelsbeschränkungen änneren

Jee no Hierkonft si verschidden Antiquitéiten net fir de fräien Handel zougelooss, wa s'opgrond vu Gesetzer besonnesch geschützt sinn; dat gëllt virun allem fir Géigestänn aus der Antiquitéit an déi, déi aus Ausgruewunge stamen. An Däitschland ass zum Beispill duerch d'Kulturgutschutzgesetz den Export vun agedroene Konschtwierker an anere Kulturobjete mat nationaler Bedeitung verbueden. Och Géigestänn, fir déi bei hirer Produktioun Material vun haut geschützten Déiere benotzt gouf (z. B. Schëldpatt oder Elfebeen) ënnerleie bestëmmten Handelsrestriktiounen, woubäi den Handel awer erlaabt ka ginn, wann nogewise ka ginn, datt d'Objete virun engem gewëssen Datum hiergestallt goufen.

Fälschungen änneren

Well mat zouhuelendem Alter d'Antiquitéiten ëmmer méi rar ginn an d'Präisser an d'Luucht ginn, kënnt et ëmmer nees zu Imitatiounen a Fälschungen. Den Ënnerscheed zu den Originaler kann dacks nëmme vun Experten erkannt ginn. Well awer d'Hierstellung vu wierklech echt wierkende Fälschunge meeschtens e ganz héijen Opwand vu Material an Handaarbecht erfuerdert, ass d'Fälschung haut net méi rentabel. Méi heefeg sinn awer Verfälschungen, bei deenen eigentlech original Stécker verännert ginn, fir méi en héijen Alter virzetäuschen oder fir méi gesicht Objeten ze kréien, z. B. gi wéineger rar Miwwelstécker zu méi seelene Stécker ëmgebaut.

D'Hierstellung vun Imitatiounen (och mat kënschtlechen Altersspueren) ass u sech och net strofbar, wuel awer de Verkaf vu sou Objeten als angeblechen Original, eventuell och nach mat gefälschten Dokumenter, déi den Alter oder d'Hierkonft aus enger bekannter Sammlung beweise sollen. Beim Kaf am Fachhandel ass et meeschtens méiglech, sech vum Verkeefer eng Bescheinegung iwwer d'Echtheet ausstellen ze loossen an am Zweiwelsfall e Retour ze verlaangen. Beim Kaf op Floumäert oder Steeë gëllt awer meeschtens de Grondsaz "kaaft wéi gesinn", deen de Retour ausschléisst.

Literatur änneren

  • Walter Grasser: Antiquitäten als Kapitalanlage, München Heyneverlag 1975, ISBN 3-453-41125-0.
  • Walter Grasser: Antiquitäten als Hobby. München 1977, ISBN 3-453-41214-1
  • Rudolf Majonica: Küchenantiquitäten, Battenberg Verlag zu Augsburg 1997, ISBN 3-89441-343-3
  • Helmut Seling (Ed.): Keysers Kunst- und Antiquitätenbuch, 3 Bänn. Keysersche Verlagsbuchhandlung, Heidelberg (spéider München) 1957, 1959, 1967.

Kuckt och änneren

Um Spaweck änneren

Commons: Antiquitéiten – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen änneren

  1. Kunstlexikon BeyArs.com
  2. Antike. Duden online