Anna Pawlowna Pawlowa
D'Anna Pawlowna Pawlowa, op Russesch Анна Матвеевна Павлова respektiv Анна Павловна Павлова, gebuer den 31. Januar 1881 zu Sankt Péitersbuerg als Anna Matwejewna Pawlowa, a gestuerwen den 23. Januar 1931 zu Den Haag, war eng russesch Dänzerin.
Anna Pawlowna Pawlowa | |
---|---|
Gebuer |
12. Februar 1881 Sankt Péitersbuerg |
Gestuerwen |
23. Januar 1931 Den Haag |
Doudesursaach | Bauchspäicheldrüsekriibs |
Nationalitéit | Russescht Keeserräich |
Aktivitéit | Ballettdänzer, Choreograph, Editeur |
Scho mat 17 Joer ass d'Anna Pawlowa als Solodänzerin am keeserleche "Marginsky-Theater" opgetrueden. Mat 25 Joer krut si den Titel "Prima Ballerina Assoluta". Bei Geleeënheet vun dëser Éierung huet si fir d'éischt Kéier de "Schwan, deen am Gaang ass ze stierwen", no enger Musek vum Camille Saint-Saëns, gedanzt.
1907 huet d'Anna Pawlowa hir traditiounsgebonne Balletstrupp a Russland verlooss. Vun dunn un ass si wéi hire bekannte Partner Wazlaw Nischinski fir d'éischt mat dem Sergej Djagilew senge "Ballets russes" an duerno mat engem eegenen Ensembel duerch Europa, Amerika an Asie gereest. Der Anna Pawlowa hir grouss Stäerkt war hir grouss Disziplin an hir brillant Danztechnik, ouni hir individuell an expressiv Ausstralung ze vergiessen.
Um Spaweck
ännerenCommons: Anna Pawlowa – Biller, Videoen oder Audiodateien |