Anglesey
Geographie
Fläch:
- Total
- % Waasser
Op 9. Plaz
715,11 km²
? %
Haaptstad: Llangefni
ISO 3166-2: GB-AGY
ONS Code: 00NA
Demographie
Bevëlkerung:
- Total
- Bevëlkerungsdicht
Op 21. Plaz
bal 70.000
94 / km²

Anglesey, op walisesch Ynys Môn, ass eng brittesch Insel virun der Nordwest-Küst vu Wales am Iresche Mier. Et ass och den Numm vun enger Grofschaft.

Geographesches änneren

Den héchste Punkt op Anglesey selwer ass de Mynydd y Garn an dem nord-westlechen Eck. Awer de Bwrdd Arthur am Oste vun der Insel ëstlech vun der Red Wharf Bay an de Mynyedd Eilian am nord-ëstlechen Eck komme bis op e puer Meter un en erun. Den Holyhead-Bierg op der virgelagerter Holy-Insel huet 219 Meter (i.d.M.). Anglesey huet ausserdeem eng Küst vun 201 Kilometer.

D'Stied op Anglesey änneren

  • Caergybi (Holyhead)
  • Llangefni ass déi administrativ Haaptstad vun der Insel an déi zweetgréisst Stad.
  • Amlwch war fréier den Hafe fir d'Kofferminièren an den Parys-Bierger, genannt nom Rober Parys, dem Kämmerer (Chamberlain) vun Nordwales ënner dem Henry IV.. An den Zäite vun de Réimer sinn do 80.000 Tonne Koffer am Joer produzéiert ginn, deen zu Neel verschafft gouf, déi d'Dunne vun de Seegelschëffer zesummegehalen hunn.
  • Biwmares (Beaumaris),
  • Llanerchymedd
  • Portthaethwy (Menai Bridge) ass eng Klengstad mat eppes iwwer 2000 Awunner. D'Llandysilio-Kierch, ass sou grouss wéi eng Hausgarage a steet op enger Hallefinsel.

Verkéier änneren

  • Autobunn: 31 Kilometer
  • Landstroossen: 1179 Kilometer

D'Insel Anglesey ass vum Festland aus z'erreechen iwwer zwou Brécken.

De Stroosseverkéier geet iwwer d'original Menai Hänkbréck, déi 1826 vum Thomas Telfort gebaut gouf an der Britannia Bréck, déi d'Autobunn A55 an North Wales Coast Railway-Eisebunn dréit.

D'Eisebunnslinn vu Portthaethwy op Caergybi (mat Tëschenopenthalt zu Bodorgan, Ty Croes an Rhosneigr) féiert queesch duerch Anglesey vun Osten no Westen ass 69 Kilometer laang.

Sprooch änneren

Walisesch ass eng vun deenen eelste Sproochen an Europa. Op Anglesey schwätzen 62 % vun de Leit Walisesch als Haaptsprooch. Jiddweree kann och Englesch. Et ass op Anglesey an am Caernarvonshire, wou dat rengste Walisesch geschwat gëtt.

  • Wéi geet et?: Sut dach chi?
  • Moien: Bore da
  • Prost!: Iechyd Da!
  • Merci: Diolch
  • Villmools Merci: Diolch yn fawr
  • Wëlkomm: Crueso

Wales huet en eegenen Tëlee-Kanal, den S42, national a regional Radio-Statiounen, Radio Cymru an Champion. Dozou kommen nach Walisesch Dageszeitungen an Zäitschrëften.

Dat wichtegst literarescht Wierk op Walisesch ass Mabinogion, eng Sammlung vun alen Erzielungen a Geschichten. Eng Iwwersetzung op Ensglesch gëtt et am Täschebuch (ISBN 0-14-044322-3)

Tourismus änneren

  • Ëffentlech Trëppelweeër: 1056,5 Kilometer

Kuckt och änneren

Um Spaweck änneren

Commons: Anglesey – Biller, Videoen oder Audiodateien