Den Andrea Pininfarina gebuer de 26. Juni 1957 zu Turin an Italien als Andrea Farina, a getstuerwen de 7. August 2008 zu Trofarello, war en italieeneschen Entreprener an CEO vun der Carosseriesfirma Pininfarina.

Andrea Pininfarina
Gebuer 26. Juni 1957
Turin
Gestuerwen 7. August 2008
Doudesursaach Motorradaccident
Nationalitéit Italien
Aktivitéit Geschäftspersoun, Ingenieur
Famill
Papp Sergio Pininfarina

Hie war mat der Cristina Pellion bestuet, an d'Koppel hat dräi Kanner. Säi Papp war de Sergio Pininfarina. De Pininfarina hat en Ingenieursstudium op der polytechnescher Universitéit vun Turin, mat engem Afschloss 1981 gemaach. Duerno huet hie fir d'Fruehauf Corporation an Amerika geschafft. 1983 ass en an de Familljebetrib an Italien als Projetsmanager fir de Cadillac Allanté komm. Zanter 1994 war e Gerant vun der Firma an 2001 gouf en CEO.

Den Andrea Pininfarina ass bei engem Verkéiersaccident, net wäit vum Sëtz vun der Firma zu Cambiano ëm d'Liewe komm. Hie gouf vun engem Auto ugestouss wéi hie mat enger Vespa ënnerwee war.

Um Spaweck änneren