Den Andrea Pasini, gebuer den 11. Dezember 1911 zu Esch-Uelzecht a gestuerwen den 12. Mee 1945 am éisträichesche KZ Mauthausen, war e lëtzebuergesche Biergaarbechter a Resistenzler am Zweete Weltkrich mat italieeneschen Originnen.

Andrea Pasini
Gebuer 11. Dezember 1911
Gestuerwen 12. Mee 1945
Nationalitéit Lëtzebuerg

Dem Pasini seng Eltere waren Italieener an hien huet mat 18 Joer déi lëtzebuergesch Nationalitéit duerch Optioun iwwerholl, an dat opgrond vum Gesetz vum 5. Mäerz 1905.

Sou konnt hien net wéinst sengen antifaschisteschen Aktivitéiten ausgewise ginn.

Den 21. Juli 1941 gouf hie vun der Gestapo verhaft an dunn an d'SS-Sonderlager Hinzert, an d'Konzentratiounslager Sachsenhausen an op Mauthausen verschleeft, wou hien e puer Deeg no der Liberatioun gestuerwen ass.

Hie krut posthum d'Croix de la Résistance.