André Hoffmann (Affekot)

lëtzebuergeschen Affekot
Dësen Artikel beschäftegt sech mat dem Affekot André Hoffmann. Fir aner Leit mat dem selwechten Numm, kuckt wgl. André Hoffmann.

Den André Hoffmann, gebuer de 7. Dezember 1960 an der Stad Lëtzebuerg[1] ass e lëtzebuergeschen Affekot.

André Hoffmann
Gebuer 7. Dezember 1960
Lëtzebuerg
Nationalitéit Lëtzebuerg
Educatioun Télécom Physique Stroosbuerg
Aktivitéit Affekot

Hien huet vun 1979 bis 1983 op der Télécom Physique zu Stroossbuerg studéiert a säi Studium mat engem Master am Droit ofgeschloss.

No éischten Erfarungen um Lëtzebuerger Barreau am Joer 1984 huet den André Hoffmann vu Juni 1984 bis Januar 2006 bei der BGL BNP Paribas geschafft, wou hie Chef vum Rechts- a Steierdepartement war. 2006 ass hien du bei Elvinger, Hoss & Prussen gewiesselt ass. Zënter … ass hie Partner an där Etude.

Hie war Member vum juristesche Kommitee vun der CSSF a Verwaltungsrotsmember vun der ABBL an der Association luxembourgeoise des juristes de droit bancaire (ALJB).

Den André Hoffmann gëtt Coursen am Bankerecht op der Uni Lëtzebuerg.

Zënter 2012 ass den André Hoffmann President vum COSL.

Referenzen an Notten änneren

  1. « Modification non statutaire » am Handelsregëster (lbr.lu) ënner der Nummer F1383 (COSL) den 02/04/2021