Anatolij Solowjanenko
ukraineschen Tenorsänger (1932-1999)
Dëse Museksartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran. |
Den Anatolij Boryssowytsch Solowjanenko (op Ukrainesch: Анатолій Борисович Солов'яненко), gebuer de 25. September 1932 zu Stalino (haut Donezk) a gestuerwen den 29. Juli 1999 zu Kosyn, war e sowjetesch-ukraineschen Tenorsänger[1].
Anatolij Solowjanenko | |
---|---|
Gebuertsnumm | Анатолій Борисович Солов'яненко |
Gebuer |
25. September 1932 Donezk |
Gestuerwen |
29. Juli 1999 Kosyn |
Doudesursaach | Häerzschlag |
Nationalitéit | UdSSR, Ukrain |
Aktivitéit | Operesänger |
Hien huet an der Ukrain, an Italien an an den USA als Operesänger geschafft. 1975 krut de Solowjanenko den Titel Vollekskënschtler vun der UdSSR. Am Joer 2008 krut hie posthum och den Titel Held vun der Ukrain[1].
Den Asteroid (6755) Solov'yanenko gouf zu Éiere vum Anatolij Solowjanenko genannt[2].
Um Spaweck
änneren- Doudesannonce (en)
Referenzen
änneren- ↑ 1,0 1,1 Webarchiv Archivéiert de(n) 21.12.2016. Gekuckt de(n) 21.12.2016.
- ↑ JPL Small-Body Database Browser