Anamorph
De Begrëff anamorph (griichesch: ana = erop, op; morphae = Form, Gestalt, och anamorphotesch) bezeechent d'Eegeschaft vun engem optesche Bild, dat mat enger Zylinderlëns oder engem Zylinderspigel produzéiert gëtt. Sou entsteet e Bild, dat op enger Achs verzunn ass. En anamorpht Bild ass an der Breet gestaucht an an der Héicht onverännert.
En Objektiv, dat anamorph ofbilt, nennt een Anamorphot.
Gebrauch
ännerenAn der Renaissance war d'anamorphotesch Molerei e beléift Stilmëttel. Biller goufe sou gemolt, datt si eréischt no der Ofbildung duerch en Anamorphot onverzerrt z'erkenne waren.
An der moderner Ënnerhalungselektronik a bei der Opzeechnung vu Breetwandfilmer gëtt d'anamorph Bildopzeechnung benotzt, fir e méi breet Bild op e schmuelt Format ze kompriméieren a bei der Virféierung nees ze dekompriméieren. An der Televisiounstechnik gëtt beispillsweis e 16:9-Bild an e 4:3-Bild gestaucht, wat verhënnere soll, datt duerch schwaarz Läischte Bildpixel ongebraucht bleiwen, also Iwwerdroungskapazitéit verluergeet.
Eng Alternativ zu der anamorpher Duerstellung ass d'Pillarbox-Method.
Kuckt och
ännerenLiteratur
änneren- Joost Elffers, Mike Schuyt, Fred Leeman: Anamorphosen. Ein Spiel mit der Wahrnehmung, dem Schein und der Wirklichkeit (= DuMont-Taschenbücher. Bd. 107). DuMont, Köln 1981, ISBN 3-7701-1300-4.