Amici (Moundkrater)
Moundkrater
Den Amici ass en Aschlagkrater op der äerdofgedréiter Säit vum Äerdmound, südlech vum grousse Krater Icarus an nërdlech vum McKellar Moundkrater.
De Krater Amici mat Niewekrateren | |
Koordinaten | 10°3'36"S, 172°13'48"W |
---|---|
Duerchmiesser | 52 km |
Selenographesch Längt | 172° bei Sonnenopgank |
Genannt no | Giovanni Battista Amici |
Genannt am Joer | 1970 |
Moundvéiereck | LQ16 |
De Krater gouf am Joer 1970 vun der I.A.U. nom italieeneschen Optikefabrikant Giovanni Battista Amici (1786–1863) genannt.
De Rand vum Krater ass staark erodéiert a vun Aschléi deforméiert, sou datt hien elo éischter eng polygonal Form huet. Um südlechen Enn läit en Dall. De Buedem vum Krater huet keng besonnesch Aschléi, ass awer voll vu ganz klengen Aschlagkrateren.
Buschtaf/Numm | Positioun | Duerchmiesser | Link |
---|---|---|---|
M | 11,59° S, 171,71° W | 108 km | [1] |
N | 11,75° S, 172,22° W | 38 km | [2] |
P | 12,26° S, 173,78° W | 25 km | [3] |
Q | 12,25° S, 175,66° W | 44 km | [4] |
R | 11,48° S, 175,07° W | 34 km | [5] |
T | 9,86° S, 173,82° W | 33 km | [6] |
U | 8,74° S, 175,36° W | 89 km | [7] |