Amicale vum Escher Kolléisch

D'Amicale vum Escher Kolléisch (fréier Schreifweis: Amicale vum Escher Kolle'sch) ass eng Associatioun, déi déi fréier Schüler aus dem Escher Jongelycée regroupéiert. Op Franséisch heescht si offiziell laut den neie Statuten: Amicale des anciens élèves du Lycée de garcons d'Esch-sur-Alzette.

D'Iddi fir sou eng Amicale op d'Been ze setzen, ass am Laf vum Banquet fir de 25. Anniversaire vun der deemoleger Escher Industrieschoul, den 31. Juli 1926, am Terres-Rouges-Casino zu Esch, vum Direkter Jean-Pierre Manternach an d'Gespréich bruecht ginn.[1] D'Grënnungsversammlung vun der Amicale war sonndes de 15. Mee 1927[2] am Hôtel des Ardennes zu Esch. D'Membere vum éischte Kommitee waren d'Hären J. P. Deltgen, Jean Noesen, August Isaac, [Victor] Robinet, Camille Mousset, Michel Funck, Camille Theis, Nic. Schmit an Ernest Günther; de Jean-Pierre Manternach krut den Titel Éierepresident.[3] Éischte President vun der Amicale war de J.P. Deltgen vun der Promotioun 1906,[1] éischte Sekretär de Victor Robinet (1927-1931). An der Generalversammlung vum 13. Mäerz 1928 gouf deen häite Kommitee gewielt: J. Noesen, President; J.-P. Mertz, Vizepresident; V. Robinet, Sekretär; Aug. Isaac, Caissier; N. Heirens, C. Theis, J.-P. Weber, J.-P. Wilhelm an Alphonse Michels, Memberen.[4]

Presidente vun der Amicale änneren

  • J.P. Deltgen (1927-1928)
  • Jean Noesen (1928-1936)
  • Paul Laurent (1936-1961)
  • Gustave List (1961-1971)
  • Raymond Fehr (1971-1982)
  • Raymond Glesener (1982-1993)
  • Léandre Schockmel (1993-1998)
  • Raymond Fehr (1998-)

Literatur änneren

  • Noesen, J. & G. List, 1977. L'Amicale vum Escher Kolle'sch a 50 ans. In: 75 Jor Escher Kolle'isch [sic], 50 Jor Amicale. Esch-sur-Alzette, Impr. Kremer-Muller, S. 5-14.
  • Fehr, R., 2001. Et les anciens... In: Vun der Industrieschoul zum Jongelycée vun Esch, 1901-2001. Luxembourg, S. 351-356.

Referenzen änneren

  1. 1,0 1,1 Fehr 2001, S. 352.
  2. Net de 25. Mee, wéi et an engem Dokument vun der Amicale heescht; cf. Fehr 2001, S. 351.
  3. Luxemburger Wort 1927-05-17, Nr. 137, S. 3 (Esch-Alzette, 17. Mai).[1]. — Luxemburger Tageblatt 1927-05-18, Nr. 145, S. 6 (Amicale der früheren Industrie-Schüler).[2]Palmarès des élèves qui depuis la création de l'école ont réussi leur examen de fin d'études. In: Vun der Industrieschoul zum Jongelycée vun Esch, 1901-2001. Luxembourg, S. 417-451. — Kuck och: Fehr 2001, S. 352.
  4. Luxemburger Wort 1928-03-24, Nr. 84/85, S. 4 (Vereinschronik. Amicale des Anciens Elèves de l'École Industrielle et Commerciale d'Esch-sur-Alzette).

Um Spaweck änneren

Amicale vum Escher Kolléisch