En Ambigramm ass meeschtens e Wuert oder e Symbol, dat, (ëm 180°) gedréint, datselwescht Wuert resp. Symbol ergëtt. En Ambigramm kann, muss awer net, gläichzäiteg e Palindrom erginn. Bei den Ambigramme gëtt an der Reegel tëscht symmetreschen an onsymmetreschen ënnerscheet.

Ambigramm als symmetrescht Ambigramm
D'Wuert ech als symmetrescht Ambigramm

De Begrëff Ambigram gouf fir d'éischt vum Douglas Hofstadter benotzt, deen en engem vu senge Frënn zouschreift (Buch: Metamagical Themas, 1985).

E Kënschtler op deem Gebitt ass de Scott Kim. Ambigramme spillen eng grouss Roll am Roman Angels & Demons vum Dan Brown, déi alleguer vum John Langdon stamen.

Literatur zum Theema änneren

  • Kim, Scott: Inversions, W H Freeman & Co, 1989

Kuckt och änneren

Galerie änneren

Um Spaweck änneren

Commons: Ambigrammer – Biller, Videoen oder Audiodateien